
Lëtzebuerg setzt den europäesche Migratiounspakt méi restriktiv ëm, wéi néideg, besonnesch beim Fräiheetsentzuch. Zu där Conclusioun kënnt déi consultativ Mënscherechtskommissioun an hirem Avis, deen en Donneschdeg virgestallt gouf. De Fräiheetsentzuch misst am Migratiounsberäich d'Ausnam bleiwen. Dat wier awer hei net de Fall.
Duerch de Migratiounspakt wäerte sougenannte Filtrage-Zentren opgemaach ginn, déi deels zou an deels oppe sinn. Verschidde Persoune kéinte quasi automatesch agespaart ginn, ouni dass den Detail vun hirer Situatioun analyséiert gëtt, warnt d'Juristin Charlotte Brouxel.
"Opgrond vun den Aussoe vum Minister an enger Kommissiounssëtzung vun der Chamber besteet awer d'Gefor, dass och Persounen, déi vun der Police um Terrain identifizéiert ginn a kee regulären Openthalt noweise kënnen, wäerten direkt an der zouener Eenheet placéiert ginn, also an enger Retentioun."
D'Mënscherechtskommissioun begréisst, datt d'Agenten, déi am Filtrage-Zenter schaffen, eng speziell Formatioun kréien, fir Vulnerabilitéite festzestellen an zum Beispill esou Affer vu Mënschenhandel z'identifizéieren. Allerdéngs géingen d'Agenten zum Deel schonn ufänke mat schaffen, iert se d'Formatioun gemaach hunn.
"Esou besteet nämlech e Risiko, datt verschidden Agente d'Vulnerabilitéit detektéiere mussen, ouni awer iwwert déi néideg Kompetenzen a Kenntnisser ze verfügen."

D’CCDH rifft d'Regierung dozou op, eng Dispositioun ze sträichen, déi virgesäit, dass Mannerjäreger vu 16 Joer un am Centre de Filtrage kënnen agespaart ginn. Dat géing Bréissel net virschreiwen, ënnersträicht d'Charlotte Brouxel.
"Et handelt sech net ëm eng Obligatioun, mee ëm eng national Entscheedung, déi d'CCCH staark kritiséiert. Derbäi ass och ze erënneren, dass onbegleete Mineuren zu Lëtzebuerg aktuell net an d'Retentioun placéiert ginn. De Gesetzesprojet kënnt also eng nei Praxis aféieren, déi haut net besteet."
D’Direktiv soll bis den 12. Juni ëmgesat ginn a soll d’nächst Woch an der Chamber gestëmmt ginn. D’Mënscherechtskommissioun wier am Januar fir hiren Avis saiséiert ginn an hätt awer eréischt viru manner wéi engem Mount d'Amendementer matgedeelt kritt, esou d'Presidentin Noémie Sadler.
"Mir goufen och wierklech spéit gefrot, da freet ee sech, wéi effikass wëlle se iwwerhaapt dass eis Avise sinn, wa mer esou spéit gefrot ginn."
An der Presidentekonferenz vun der Chamber hunn d'Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng, déi Lénk an d'Piraten en Donneschdeg gefuerdert, datt d'Chamber net schonn nächsten Dënschdeg ofstëmme soll iwwert d'Gesetzestexter, mat deenen den europäesche Migratiounspakt ëmgesat gëtt. Dat schreiwen déi Gréng an engem Communiqué. D'Regierung hätt méintelaang verpasst, d'Ëmsetzen ze preparéieren a wéilt elo vun deem Zäitdrock, deen se selwer ze verschëlden hätt, profitéieren, fir héich problematesch Texter séier duerchzekréien.
Besonnesch de Gesetzestext vum Inneminister Léon Gloden wier méi restriktiv wéi néideg an et géingen nach vill Froen opbleiwen.