Nach net ausgeflunn?Lëtzebuerger Famill + 3 Männer zu Kabul um Fluchhafen a Sécherheet

RTL Lëtzebuerg
D'Famill mat 3 Kanner an 3 weider Männer mat Lien op Lëtzebuerg, si wuel awer nach net aus Kabul evakuéiert ginn.

Entgéint den Informatioune vum Ausseminister Jean Asselborn, dass d'Famill mat 3 mannerjärege Kanner an 3 weider Männer en Dënschdeg um 11.30 Auer an e Fliger geklomme wieren an erausgeflu goufen, schéint deem net esou ze sinn.Vun der Plaz ass et d'Informatioun, dass déi betraffe Persounen ëmmer nach zu Kabul um Fluchhafe wieren.D'Situatioun ass deemno net ganz iwwersiichtlech.

Falsch informéiert?

Am RTL-Interview hat den Ausseminister en Dënschdeg de Moien nach gesot, 9 Persoune mat Lien zu Lëtzebuerg wieren um 11.30 Auer an e Fliger geklommen, ma d'Destinatioun wier aus Sécherheetsgrënn net bekannt.  De Jean Asselborn ass dovunner ausgaangen, dass si warscheinlech elo mol op Abu Dhabi oder Islamabad bruecht ginn.Dem Ausseminister läit och eng net-confirméiert Informatioun vir, dass eventuell méi Leit ewéi déi 9 mat op Lëtzebuerg géingen kommen. Rieds ass vu Familljememberen.Och wann déi 9 elo a Sécherheet sinn: den Offizéier an den Beamte vum Ausseministère fléien, wéi et heescht, awer op Islamabad. Et géif drëms goen, de Belsch ze weisen, dass ee sech géing un den Evakuéierunge bedeelegen, esou de Jean Asselborn.Iwwer 200 Afghanen hätten iwwerdeems schonn eng Demande gemaach, fir am Grand-Duché opgeholl ze ginn, respektiv ee Visa aus humanitäre Grënn ze kréien. Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister am RTL-Interview en Dënschdeg an der Mëttesstonn erkläert.Den Ausseminister Jean Asselborn seet der belscher Ausseministesch Sophie Wilmès e grousse Merci fir d'Hëllef bei der Evakuéierung vun den 8 Persoune mat Bezuch zu Lëtzebuerg.

Offiziellt Schreiwes vum Dënschdegmoien

8 ayants-droit luxembourgeois ont réussi à entrer à l'aéroport de Kaboul grâce aux efforts conjoints avec la Belgique et les Pays-Bas (24.08.2021)
Communiqué par: ministère des Affaires étrangères et européennesLe ministre des Affaires étrangères et européennes, Jean Asselborn, remercie vivement la Belgique et les Pays-Bas pour leur assistance efficace et généreuse, au cours de la nuit du 23 au 24 août, pour faire entrer 8 ayants-droit luxembourgeois à l'intérieur de l'aéroport de Kaboul. Il s'agit d'une famille avec trois enfants, et de 3 hommes. Ces personnes embarqueront dans les meilleurs délais sur des vols européens pour rejoindre le Luxembourg. Le ministre Asselborn a immédiatement remercié ce matin son homologue belge, la ministre Sophie Wilmès, pour l'assistance belge.
Comme annoncé, l'armée luxembourgeoise et le ministère des Affaires étrangères et européennes dépêchent deux représentants à l'aéroport de Kaboul via Islamabad, pour assister les partenaires du Luxembourg dans l'effort collectif pour évacuer les ressortissants et résidents européens encore bloqués sur place.

Um Méindeg schonn

Eng 1. Persoun mat Lien zu Lëtzebuerg hat et schonn e Méindeg op de Fluchhafe gepackt. Si soll mat enger franséischer Maschinn op Abu Dhabi a Sécherheet bruecht ginn. Dat gouf e Méindeg den Owend offiziell confirméiert.

Déi concernéiert Persoun wäert elo sou schnell wéi méiglech an d'EU evakuéiert ginn.Lëtzebuerg wäert och elo mat 2 weidere Persounen d'Lëtzebuerger Hëllef um Fluchhafe stäerken.

Den A400M Fliger vum Militär wier dann och elo mat 93 Europäer u Bord vu Pakistan a Richtung Melsbroek an der Belsch ënnerwee.

Eng Korrespondenz vum Philip Crowther vun Islamabad
Eise Mann op der Plaz erkläert d'Situatioun vun der Loftbréck tëscht Kabul, Islamabad an der westlecher Welt.

Hei den offizielle Communiqué

Un des ayants-droit luxembourgeois a réussi à entrer à l’aéroport de Kaboul (23/08/21)

Communiqué par: Direction de la défense / ministère des Affaires étrangères et européennes / Direction de la coopération au développement et de l'action humanitaire

 Dans le cadre de la participation luxembourgeoise – conjointement avec la Belgique – aux opérations d’évacuation de ressortissants et de résidents européens à la suite de la prise du pouvoir par les talibans en Afghanistan, le gouvernement luxembourgeois annonce qu’un des ayants-droit luxembourgeois a réussi à entrer dans l’enceinte de l’aéroport de Kaboul. La personne en question sera évacuée dans les meilleurs délais vers l’Union européenne.

L’armée luxembourgeoise et le ministère des Affaires étrangères et européennes dépêchent deux représentants à l’aéroport de Kaboul

Par ailleurs, François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, Jean Asselborn, ministre des Affaires étrangères et européennes, et Franz Fayot, ministre de la Coopération, ont décidé conjointement de renforcer l’engagement luxembourgeois et de mettre en œuvre tous les moyens envisageables pour contribuer à l’effort d’évacuation des huit citoyens et résidents luxembourgeois.

Il a ainsi été décidé de dépêcher un membre de l’armée luxembourgeoise ainsi qu’un membre du ministère des Affaires étrangères et européennes à l’aéroport de Kaboul afin de renforcer la participation luxembourgeoise dans la coordination sur place des efforts déployés pour l’évacuation des ressortissants et résidents européens encore en Afghanistan. Devant le risque d’un retrait complet des troupes internationales de l’aéroport de Kaboul d’ici quelques jours, les trois ministres espèrent maximiser ainsi les chances de réussite d’une évacuation des citoyens et résidents luxembourgeois en Afghanistan.

 Avion militaire A400M luxembourgeois en route pour Melsbroek (Belgique) avec à son bord 93 ressortissants et résidents européens évacués d’Afghanistan

La Direction de la Défense informe par la même occasion que l’avion militaire A400M luxembourgeois, engagé depuis quelques jours dans le cadre des opérations d’évacuation susmentionnées aux côtés d’autres avions de l’unité binationale belgo-luxembourgeoise, a quitté l’aéroport international d’Islamabad (Pakistan) en fin de matinée et est actuellement en route pour l’aéroport militaire de Melsbroek (Belgique) avec à son bord 93 ressortissants et résidents européens évacués d’Afghanistan.

Back to Top
CIM LOGO