Pilotprojet laanscht d'Belsch KüstLëtzebuerger Firma u Bau vu Photovoltaikanlag am Mier bedeelegt

Pierre Weimerskirch
D'Lëtzebuerger Entreprise "Jan De Nul" huet eng nei Technologie mat entwéckelt, fir an de Mierer d'Sonnenenergie ze notzen.
© seavolt.be

D’Zil wier et, Photovoltaikanlagen a Wandparken z’installéieren. SEAVOLT géif et erméiglechen, Offshore-Stroum ze produzéieren, dat op gréissere Flächen a protegéiert virun de Wellen.

Am RTL-Interview sot den David Lutty, Direkter vu Jan de Nul, et géif drëms goen, a Wandparken nach méi Stroum ze produzéieren. An all Wandpark wier schonn een Transformator an och d’Kabele fir de Stroum u Land ze brénge wieren do.

“Wa vill Sonn ass, hu mer meeschtens wéineg Wand an ëmgedréint. Setze mer modulär Solaranlagen an eis Wandparken, kënne mer zum Deel 50 Prozent méi Stroum produzéieren.”

Zesumme mat belsche Partner huet een d’Technologie entwéckelt, d’Recherche och zum Deel zu Lëtzebuerg. Tëscht de Solar-Panneauen an dem Waasser soll e bësse Loft sinn, am Buedem ass d’Struktur nëmme liicht verankert, de Recht vun der Plattform schwëmmt.

“Et geet elo drëms fir ze kucken, op dat wou mer am Labo getest hunn, a wat och do fonctionéiert huet, ënner reelle Konditiounen am Mier bei staarke Wellen och fonctionéiert”, esou den David Lutty.

Jan de Nul huet hire Sëtz zu Capellen an ass zanter Joren ee vun de grousse Player, wann et drëms geet Wandparken an de Weltmierer ze bauen.

Pilotprojet op der Belscher Küst

Wann een zu Oostende op der Plage steet, gesäit een um Horizont Wandmillen, genee an dësem Park soll d’Testphase lancéiert ginn. Schonn am Summer dëst Joer soll eng Installatioun am Mier opgeriicht ginn, wou analyséiert gëtt, wéi effikass d’Anlage sinn. Ausserdeem gëtt och den Impakt op d’Ëmwelt analyséiert.

Fir Jan de Nul wier et wichteg, datt een an Zukunft d’Flächen, wou Wandparken entstinn, besser notzt. En aneren aktuelle Fuerschungsprojet wier, fir z’analyséieren op een net kéint Austeren ziichten, well souwisou keng Schëffer do dierfe fueren. Aquakulture wieren insgesamt eng Méiglechkeet, esou den Direkter vu Jan de Nul.

Back to Top
CIM LOGO