
Et war en opreegende Moment fir d’Doktorande vun der uni.lu. Um 20.30 Auer Lokalzäit (1.30 Auer Lëtzebuerger Zäit) ass zu Cape Canaveral a Florida eng Falcon9-Rakéit vu SpaceX ofgehuewen. Am Kader vum “Commercial Resupply Service"-Programm (CRS) gouf eng Cargo-Dragon-Kapsel Richtung ISS geschéckt.
De Start vun der SpaceX/NASA-Missioun CRS-27 nach emol kucken:
De Start war eigentlech scho fir d’lescht Woch programméiert, mä gouf du kuerzfristeg op dës Woch verluecht. Am Laf vum Donneschdeg (kuerz virun 13 Auer Lëtzebuerger Zäit) soll d’Dragon-Kapsel dann un d’ISS undocken.
U Bord vun der CRS-27-Missioun waren och verschidde wëssenschaftlech Experimenter, déi an den nächste Wochen op der internationaler Weltraumstatioun duerchgefouert solle ginn. Dorënner och de Lëtzebuerger BRAINS-Projet. D’Doktorande vun der uni.lu haten de Weltraum-Ausfluch vun hiren Zellmodeller bei enger Ausschreiwung vun der Lëtzebuerger Space Agency gewonnen.
RTL.lu-Artikel iwwert d’Hannergrënn vum Fuerschungsprojet BRAINS
Beim Fuerschungsprojet BRAINS geet et drëms, fir d’Strukturen an de Fonctionnement vun Nerven- a Gehierzelle besser ze verstoen. Wann esou Zellen an engem Labo op der Äerd kultivéiert ginn, si se wéinst der Schwéierkraaft awer “verknujelt”. Op der Raumstatioun ISS, wou d’Schwéierkraaft quasi net existéiert, sollen d’Zelle méi iwwersiichtlech wuessen. D’Fuerscher vun der uni.lu erhoffe sech, dass si mat hirem Experiment hiren Deel zur Entwécklung vu Medikamenter géint neurodegenerativ Krankheete wéi Parkinson an Alzheimer bäidroe kënnen.Hei nach e Video vum 1. Februar 2022: