Hei gi mënschlech Hautzelle benotzt an an engem 3D Modell regroupéiert. Dës 3D-Zellkulturen, och Organoide genannt, sollen d’mënschlecht Gehier imitéieren. E Concours gëtt de Studenten elo d’Méiglechkeet, hir Zelle mat enger Rakéit op d’International Raumstatioun ze schécken, wou se 30 Deeg laang bleiwe sollen. Fir de Fuerschungsteam ass et eng Erausfuerderung, sou bréngen déi besonnesch Eegenschaften am Weltall souwuel Chancen ewéi och Risike mat sech.
Den 11. Mäerz sollen d'3D-Zellkulturen op d’ISS geschéckt ginn, fir datt se do ënner de besonnesche physikalesche Konditioune kënne weider wuessen. Wisou dat en Ënnerscheed géintiwwer Zellen aus dem Labo mécht, erkläert d’Elisa Zuccoli, Team Leaderin vum Projet BRAINS an Doktorandin: “Mat deem Wuesstem erhoffe mer eis, dass se méi grouss ginn, wéi et grad op der Äerd ass, do si se relativ kompakt. Dee Moment erhoffe mer eis, dass se manner kompakt sinn, dass mer eng besser Strukturiwwersiicht hunn a mir villäicht Informatiounen zu den Zellstrukture kréien.”
D’Ekipp erhofft sech, datt een op der Basis vun de neien Donnéeë kéint Medikamenter ënner anerem géint Alzheimer oder Parkinson entwéckelen.
Well d’Konditioun am Weltall awer eng aner ass wéi am Labo, missten deementspriechend och Preparatioune gemaach ginn:
“Deementspriechend misste mer och kucken, dass all eis preliminär Experimenter drop ugedeit sinn, dass een do net ze vill Plaz huet. Mir missten alles méi kleng maachen, mir missten och kucken, dass eis Zellen, well se 30 Deeg op ISS sinn, dat iwwerhaapt iwwerliewen a wéi eng Konditiounen et ginn. Da misste mer och nach mat eisem Tech-Team kucken, dass mer alles un déi Dimensiounen upasse kënnen, deementspriechend war et Upassung un dat, wat eis virgi ginn ass.”
Fir datt d’Zellkulturen d’Rees iwwerstinn, musse se an eng zoue Këscht agepaakt ginn. Wärend hirer Zäit am Weltall stellt d’Technologie an der Këscht och sécher, datt d’Zelle mat Närstoffer versuergt ginn an an engems déi noutwenneg Temperatur vu 37 Grad erhale bleift. Elo bleift et ze hoffen, dass alles riicht leeft, méiglech Komplikatiounen hunn d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg schonn am Viraus versicht ze léisen.