Auteur Pierre Joris an den USALëtzebuerger huet duebel Nationalitéit ugeholl, fir géint den Trump ze stëmmen

RTL Lëtzebuerg
De Schrëftsteller a Literatur-Professer Pierre Joris war dëst Joer Lauréat vum Batty-Weber-Präis.
Auteur Pierre Joris an den USA
De Schrëftsteller a Literatur- Professer Pierre Joris war dëst Joer Lauréat vum Batty Weber-Präis war.

Eng 2.300 Amerikaner wunnen den Ament hei am Land. Op där aner Säit an den USA sinn d'Nokomme vu ronn 50.000 Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn. An et sinn awer och Lëtzebuerger, déi do schaffen an der Diplomatie, bei der UNO, op Unien oder bei Duechtergesellschafte vu Lëtzebuerger Entreprisen.

De Pierre Joris ass ee "Writer against Trump". Fir hien ass e Mëttwoch een decisiven Dag. De Pierre Joris huet scho vill amerikanesch Wale materlieft. Hien ass 1967 an d'USA ausgewandert.

2016 wéi den Trump géint d'Hillary Clinton gewonn hat, huet de Lëtzebuerger decidéiert, déi duebel Nationalitéit unzehuelen, fir d'nächst Kéier matzestëmmen. Hien huet lo seng Stëmm schonn ofginn.

Den Trump hätt d'Angscht vun der anglo-chrëschtlecher Populatioun, an der Minoritéit ze landen, benotzt, fir latente Rassismus rëm opliewen ze loossen an esou mat Hëllef vu Medien wéi Fox News a Verschwörungstheoretiker aus de sozialen Netzwierker  vill Wieler ugezunn.

De Pierre Joris, deen a senger Carrière virun allem Gedichtbänner an Essayen op Englesch erausbruecht huet, fäert wéi aner Observateuren, dass den Trump alles probéiert, fir sech virzäiteg als Vainqueur ze deklaréieren, och wann d'Sondage fir de Biden schwätzen.

Ech soen et net gär als Vertrieder vun der Generatioun vum Vietnamkrich, sou de Lëtzebuerger Auteur mat engem Clin d'oeil, mee um Enn misst vläicht souguer d'Arméi agräifen, fir Recht duerchzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO