Dréckerei gëtt zougemaachLëtzebuerger Wort a Contacto ginn an Zukunft an der Belsch gedréckt

RTL Lëtzebuerg
Mediahuis Luxembourg mécht seng Dréckerei zu Gaasperech zou. 26 Mataarbechter si vun där Decisioun betraff, et soll awer net zu engem Sozialplang kommen.
© Archiv-Foto

Dat mellt d’Lëtzebuerger Wort um Dënschdeg de Mëtteg.

Zanter de 70er Jore gouf déi gréisste Lëtzebuerger Dageszeitung zu Gaasperech gedréckt. Vu wéini genee un dann elo d’Wort an och de Contacto an enger Dréckerei an der Belsch gedréckt ginn, ass nach net gewosst. De Paul Peckels, CEO vu Mediahuis Luxembourg (fréier Saint-Paul Luxembourg) huet en Dënschdeg just wësse gedoen, dass d’Raimlechkeeten zu Gaasperech bis dat 1. Quartal 2024 musse geraumt sinn.

Grond fir dës Fermeture wier engersäits, dass ëmmer manner Pabeierszeitunge géife gedréckt ginn an anerersäits awer och, dass Infomail vum Summer u keng Reklamme méi wäert drécke loossen. Enger europäescher Direktiv no, däerfen an Zukunft keng Pabeiersreklamme méi an d’Bréifboîte verdeelt ginn, wann d’Leit net explizitt hiren Accord dofir ginn hunn.

D’Maschinnen an déi aner technesch Installatioune vun der Dréckerei sollen an d’Vente goen, respektiv als Ersatzdeeler fir Dréckereien ugebuede ginn.

Back to Top
CIM LOGO