Enn vun der Minusma-MissiounLëtzebuerger Zaldote ginn aus dem Mali ofgezunn

RTL Lëtzebuerg
E Freideg hat d'UN mat enger Resolutioun beschloss, d'Stabiliséierungsmissioun "Minusma" am afrikanesche Mali nach dëst Joer auslafen ze loossen.
© Twitter @Gen_Deconinck

Vun dëser Decisioun zu New York sinn och Lëtzebuerger Zaldote betraff.

Den Ofzuch vun den Zaldoten ass schonn e Samschdeg lassgaangen a soll bis den 31. Dezember ofgeschloss sinn. Op Norfro heescht et aus dem Lëtzebuerger Ausseministère, et géif een dës Entwécklungen an Decisioune bereien. D’Sécherheetssituatioun am Mali géif sech doduerch “drastesch verschlechteren”.

Lëtzebuerg ass den Ament nach mat zwee Militär am Mali vertrueden, déi am Kader vun der Minusma-Missioun d’Satellittekommunikatioun assuréieren. Et géing ee sech elo mat deenen anere concernéiere Partner am Mali koordinéieren, fir den Ofzuch vun den Zaldote gereegelt ze organiséieren.

D’lescht Joer war vum Ministerrot zu Lëtzebuerg nach eng Verlängerung vum Asaz bis Mäerz 2024 accordéiert ginn. Mä, “Well d’Mandat vun der Minusma mat der Resolutioun vun e Freideg eriwwer ass, wäerten no deem genannte Stéchdatum keng Lëtzebuerger Militär méi am Mali a Missioun sinn”, heescht et elo aus dem Ausseministère.

D’Minusma-Missioun war dofir geduecht, den Norde vu Mali am Kader vum geplangte Réckzuch vun der franséischer Arméi viru radikalen Islamisten ze sécheren. Letztendlech ass et allerdéngs ee vun de längsten an déidlechste Friddensasätz vun de Vereenten Natioune ginn.

UNO: Lëtzebuerger Pilot zesumme mat de Belsch am Mali am Asaz

Back to Top
CIM LOGO