
Doduerch gëtt den Deputéierten elo nach kuerz virum Enn vun der Legislatur zu senger eegener Sensibilité politique an der Chamber, déi e “Liberté chérie” nennt. De Generalsekretär vun der Chamber, de Laurent Scheeck confirméiert: “Jo genau. Den Här Reding ass zanter senger Demissioun aus der Sensibilité politique ADR seng eegen Sensibilité ginn.”Sensibilité politique - sou heeschen an der Chamber déi Gruppen, déi net zu genuch sinn, fir eng Fraktioun ze forméieren. De Roy Reding huet seng Ein-Mann-Sensibilitéit “Liberté chérie” gedeeft, eng Expressioun, déi Frankophiller aus der franséischer Nationalhymne, der Marseillaise, kennen.
Als Sensibilité politique kritt Liberté chérie elo wéi déi aner och finanziell Ënnerstëtzung vun der Chamber. De Laurent Scheek erkläert, wat de Roy Reding elo ze gutt huet:
“D’Crédits de fonctionnement, déi belafe sech 47.000 Euro. Dat ass genee e Fënneftel vun deem, wat eng Fraktioun vun fënnef bis siwe Mataarbechter ze gutt huet an déi den Här Reding elo zur Verfügung gestallt kritt. Plus nach d’indemnité de secretariat, fir e Mataarbechter anzestellen.”
De kritt de Roy Reding, wann e Mataarbechterkontrakt virleet. Op där aner Säit ass et esou, erkläert de Laurent Scheeck:
“D’ADR verléiert nieft enger Rei Detailer, wéi Bureausfraisen, genau dat, wat de Roy Reding an Zukunft bis zum Schluss vun der Legislatur ze gutt huet.” Ronn 45.000 Euro kritt d’ADR manner u Fonctionnementsfraisen, plus ronn 7.000 Euro de Mount vun elo bis zum Schluss vun der Legislatur als Indemnité de secrétariat fir d’Mataarbechter.
D’ADR wier awer duerch den Depart vum Roy Reding finanziell net an enger schwiereger Situatioun, verséchert de Fernand Kartheiser op Nofro. D’ADR misst bis zum Ënn vun der Legislatur kee vun hire Mataarbechter dowéinst entloossen.
An der Chamber gëtt et Prezedenzfäll, seet de Laurent Scheeck: “Et ass net fir d’éischt, datt dat virkënnt an der Chamber. Als Beispill kann een de Jean Colombera nennen an och den Aly Jaerling, déi aus der ADR-Sensbilitéit, Fraktioun, deemools och ausgetrueden waren. A wou et ee ganz änlechen Zenario gouf.”
Anescht ewéi deemools kënnen d’Memberen un de Sensibilités politiques elo als Observateure bei der Presidentekonferenz vun der Chamber dobäi sinn. De Roy Reding gëtt awer net Member vum Büro. Hie behält, an Ofsprooch mat der ADR, seng Mandater an de Chamberkommissiounen bis zum Enn vun der Legislatur.