EducatiounsministèreLiewe vum Grand-Duc Jean soll a Schoul thematiséiert ginn

Chris Meisch
Monica Camposeo
Kevin Kayser
Nom Doud vum Grand-Duc Jean goufen et vun alle Säiten a vun iwwerall aus dem Land Reaktiounen.

Den Educatiounsministère zum Beispill huet een Appell un d'Léierpersonal lancéiert, fir dem Grand-Duc Jean säi Liewen an de Schoulklassen ze thematiséieren: Geschichtscours um Beispill vum Grand-Duc Jean. Ma och a puncto politesch Bildung soll an Zukunft an de Schoule méi um Programm stoen.

Grand-Duc Jean an der Schoul

De Grand-Duc Jean gëllt als ''Zäitzeien“ vu bal 100 Joer Lëtzebuerger Geschicht. Mat senger Famill huet hien eist Land representéiert. Virun allem bei de Jonken ass den Intressi an deene leschten Deeg um Personnage vum verstuerwene Grand-Duc Jean geklommen, sou den Educatiounsminister Claude Meisch.

Déi Jonk hu sech fir d'Liewe vum Grand-Duc Jean interesséiert, elo, wou si vu sengem Dout héieren hunn. Si froe sech elo, wat hie fir eist d'Land bedeit huet a wat seng Relatioun mat hirem Liewen, hirem Duerf ass oder war. Dat soll elo an de Schoulen an op anere Plazen thematiséiert ginn, esou de Minister.

Extrait Claude Meisch (1)

"Jugend ass net onbedéngt eng Fro vu Joren, mä eng Fro vu Liewensastellung. An dat ass eppes, wat de Grand-Duc Jean ganz staark vermëttelt huet. An natierlech ass och elo d'Geleeënheet, an déi musse mer notzen an de nächsten Deeg an an den nächste Wochen, fir deene Jonke nach eng Kéier dat aktiivt Liewe vum Grand-Duc Jean méi no ze bréngen. Well den Interessi ass do um Liewen an um Wierke vum Grand-Duc Jean a mir mussen dann elo och kënnen d'Informatiounen un déi nächst Generatioun och weiderginn."

D'Geschichte vun der groussherzoglecher Famill gëtt am Schoulprogramm natierlech scho behandelt. Ma d'Liewe vum verstuerwene Grand-Duc Jean war awer bis elo nach net explizit Deel vum Unterrecht. Dat dierft sech an Zukunft änneren.

Extrait Claude Meisch (2)

"Natierlech wäerten och déi fréier Grand-Ducen, an dozou gehéiert elo och de Grand-Duc Jean, och thematiséiert ginn. An do wäerten natierlech och Schoulprogrammer deementspriechend iwwerschafft ginn. Mir hunn awer elo och eng Woch fir eise Patrimoine, eis Kultur, eis Traditioune virgesinn, Mëtt Juni. Aus Aktualitéitsgrënn soll dann och d'Liewen an d'Wierke vum Grand Duc Jean thematiséiert ginn an mir encouragéieren d'Schoulen och dat an den Mëttelpunkt ze stellen."

Mat dësem Appell soll och generell an de Schoulen d'Educatioun iwwert Lëtzebuerger Geschicht an och d'Politik renforcéiert ginn.

De Jonke Politik verständlech maachen

Jonker op Politik virbereeden / Reportage Chris Meisch

Deene Jonken d'Politik méi verständlech maachen, ass och den Objektiv vum „ZpB“ dem ''Zentrum fir politesch Bildung“. Och wann des Fondatioun iwwert den Educatiounsministère finanzéiert gëtt, gëtt awer vill Wäert ob seng Onofhängegkeet gesat.

Den ZpB gëtt vum Educatiounsministère finanzéiert, ma de Ministère hält awer drop, datt den Zentrum seng Onofhängegkeet huet. Et geet ëm déi politesch Bildung an do denkt de Minister, datt déi net vun engem Ministère sollt gesteiert ginn. Dofir ass den Zentrum eng onofhängeg Fondatioun, déi staatlech Gelder kritt. Wat si awer thematiséiert a wéi eng Utile si sech gëtt, kann d'Fondatioun sech selwer eraussichen, esou de Minister.

D'Europawale sti virun der Dier, mä fir vill Jugendlecher si Begrëffer wéi Demokratie, EU-Asylreform an Zäregasen nach friem. ''Demokratie erliewen'' heescht de Slogan vum ''ZpB'' an dobäi gëtt vill Wäert ob d'Praxis geluecht.

Politik z'erliewe bréngt heiansdo méi, wéi en theoretesche Cours. Dofir fënnt de Minister och déi Modullen, déi den Zentrum fir politesch Bildung ausschafft, wou et ëm reell Participatioun geet, besonnesch wichteg.

Den Zentrum fir politesch Bildung probéiert donieft, fir iwwert all Zort Medie de jonke Leit d'Politik méi no ze bréngen. Dat iwwer Internetsitte wei 'smartwielen.lu', Broschüren oder duerch Concourse fir d'Schüler.

Ganz participativ wéist sech den 'ZpB' och mat hirem Projet ''Democracity''. A verschiddene Schoulen a Lycéeën uechter d'Land kréien Schüler demokratesch Entscheedungsprozesser méi no bruecht, fir d'Komplexitéit vu politeschen Zesummenhäng duerno besser z'erkennen.

Domat sinn d'Éischt-Wieler fir d'Wale beschtens virbereet.

Och zu Schengen bei der Weilburger Lann an dem Gedenksteen 125 Joer Dynastie Lëtzebuerg Nassau hänken d'Fändelen op Hallefmast.
Och zu Schengen bei der Weilburger Lann an dem Gedenksteen 125 Joer Dynastie Lëtzebuerg Nassau hänken d'Fändelen op Hallefmast.
© Syndicat d'Initiative Schengen

Back to Top
CIM LOGO