Nom Opstand zu Dräibuer"Light-Versioun" vu Prisong fir Jugendlecher geet net op, sou de Charel Schmit

RTL Lëtzebuerg
De Virfall, zu deem et samschdes den 8. Januar an der Unisec zu Dräibuer komm ass, wier wuel e gruppendynamesche Prozess gewiescht.
Nom Opstand zu Dräibuer
“Light-Versioun” vu Prisong fir Jugendlecher geet net op, sou de Charel Schmit

Et muss ee feststellen, datt d’Konzept vun enger Light-Versioun vun engem Prisong fir Jonker am Fong net opgeet”, seet den Ombudsmann fir Kanner- a Jugendrechter, de Charel Schmit. Den Opstand zu deem et e Samschdeg virun 2 Wochen an der Unisec zu Dräibuer komm ass, hätt zwar näischt domadder ze dinn, datt d’Grondbesoine vu de Jonken an der Struktur deen Ament net erfëllt wieren, trotzdeem gesäit hien e generelle Reformbedarf.

Déi jonk Leit wieren nach net laang zesummen an der zouener Struktur an hätte sech wuel wëlle moossen. Souwuel Polizisten, wéi och Erzéier an e puer vun den inhaftéierte Jugendlecher selwer ware jo verletzt ginn, nodeems di Jonk refuséiert haten, Owes an hier Zellen ze goen.

Den Ament géingen et Covid-bedéngt awer nach aner Problemer ginn. Eng allgemeng Gereiztheet mécht sech och hannert den zouene Mauere bemierkbar, betount den Ombudsmann. Dobäi kënnt nach, datt 20 Prozent vum Personal feelt. En Ëmstand deen och di Jonk spiere géingen, well dëst sech op den Encadrement an d’Aktivitéite géing auswierken, besonnesch weekends.

Iwwert d’Pandemie-Situatioun eraus bleiwen awer och ongekläerte Froen, déi d’Grondrechter betreffen, an op d’Gemitt vun deene Jonken awierken, seet de Charel Schmit. D’Zort vun der Untersuchungshaft, souwéi d’Konditiounen an d’Dauer wieren nämlech net gesetzlech gereegelt. Genee esou geséich et bei der allgemenger Dauer vum Openthalt an der Unisec aus. X-Mol kann dës bei de Jonke verlängert ginn. Also genee de Contraire, wéi dat bei den Erwuessenen de Fall ass.

Den Ombudsmann kritiséiert dann och nach d’Struktur vun der Unisec, déi wéi e Prisong gebaut a geréiert géing ginn. “Et ass keng Struktur, déi fir therapeutesch Prozesser geduecht ass”, sou de Charel Schmit. Elleng schonn d’Architektur vum Gebai géing dat och net hierginn, mat deenen enke Gäng a kale Maueren. Onbedéngt an dréngend géing dofir eng forensesch Jugendpsychiatrie hei am Land gebraucht ginn.

Dofir misst dringend eng ugepasste gesetzlech Grondlag erausgeschafft ginn, fir Léisungen ze fannen. De Gesetzestext dofir soll em Ouschtere presentéiert ginn. Fir op de rezenten Opstand an der Unisec ze reagéieren, wëll den Ombudsmann elo en Debriefing mat de Concernéierte maachen.

Back to Top
CIM LOGO