
Eng 15.500 Persoune waren deen Ament op der Sich no enger Schaff. Dat sinn 351 Persoune méi wéi nach am Januar 2019. Ma 1.130 manner wéi nach zejoert. E Minus vun 6.8%, mellt d'Adem.
Vun der Adem profitéieren ënner anerem och déi méi al Demandeurs d'emploi. Bei de Chômeuren iwwer 45 Joer geet et 8.5% zeréck.
Persounen mat manner héije Qualifikatioune koumen och besser um Aarbechtsmaart ënnerdaach ewéi nach zejoert, hei ass den Taux ëm 10.4% an der Baisse.
4.307 Leit waren Enn Februar an enger Beschäftegungsinitiative. Dat waren der 42 manner ewéi déi selwecht Zäit nach d'Joer virdrun.
Am Laf vum Februar goufen 3.236 Poste bei der Adem deklaréiert. 115 méi ewéi fir déi selwecht Period 2018.

Déi meescht gesichte Plazen am Februar waren am Verkaf vu Kleeder an Accessoiren, Informatik, Restauratioun a Comptabilitéit.