
Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vun de liberalen Deputéiert Max Hahn an André Bauler. Zu Lëtzebuerg hate mer Enn d'lescht Joer nach Kapazitéite fir 31 Millioune Meterkibb.
Am meeschte Plaz war nach zu Brouch an zu Foulscht. Do konnten, Stand Enn 2019, nach bësse méi wéi 8 Millioune Meterkibb getippt ginn, zu Altwis nach bal 5,7 Millioune Meterkibb, um Briddel 3 Milliounen an zu Colmer-Bierg 2,7 Millioune Meterkibb.
Dat sinn awer just d'Capacitéiten, déi nach an der Theorie fräi sinn, präziséiert d'Ëmweltministesch. Si stéingen net onbedéngt direkt zur Verfügung, well dat ëmmer ofhängeg vun den Aktivitéiten um Site wier.
D'Carole Dieschbourg präziséiert, datt hire Ministère dëst Joer zwou Autorisatioune ginn huet, fir Sitten ze vergréisseren. Eng Kéier zu Colmer-Bierg, wou doduerch bal 4 Millioune Meterkibb bäikoumen, an zu Folkendeng, wou Plaz fir zousätzlech 500.000 Meterkibb gemaach gouf.
D'Ëmweltverwaltung ass aktuell mat zwee weidere Projete beschäftegt. Dat een't ass d'Decharge zu Monnerech, déi erëm soll a Betrib geholl ginn. Se war jo 2014 zougemaach ginn, nodeems de Buedem gerëtscht war. Dat anert ass eng Decharge, déi op Déifferdeng soll kommen.
Den André Bauler an de Max Hahn wollten och wëssen, wéi laang et dauert, bis mer zu Lëtzebuerg un eis Limitte kommen. D'Ministesch Dieschbourg äntwert, datt dat schwéier soen ass, well et vun enger ganzer Rei Facteuren ofhänkt. 15 Joer schéngen hir awer realistesch, eng Dauer, déi natierlech géif an d'Luucht goen, mat all Site dee bäikënnt.
En anere Facteur, deen eis méi Sputt géif verschafen, wier d'Manéier, wéi an Zukunft gebaut gëtt. D'Carole Dieschbourg verweist do op d'Null-Offall-Strategie, an där d'Präventioun vun Dechete kloer am Virdergrond stéing.