Eis Baueren, no bei eis!List: Digitaliséierung an der Landwirtschaft virundreiwen

RTL Lëtzebuerg
Datt de Beruff vum Bauer net méi dee selwechten ass wéi viru 50 Joer, ass evident.
Eis Baueren, no bei eis!
List: Digitaliséierung an der Landwirtschaft virundreiwen. Datt de Beruff vum Bauer net méi dee selwechten ass wéi viru 50 Joer, ass evident.

D'Digitaliséierung an der Landwirtschaft gëtt dëst Joer och nees op der Foire Agricole thematiséiert. De Luxembourg Institute of Science and Technology steet do mat engem Stand.

Digitaliséierung duerch de List/Reportage Danielle Goergen

Do kënnen d'Visiteure sech iwwert déi nei Technologien an der Landwirtschaft informéieren. D'Fuerschung vum List dréint sech ronderëm komplizéiert Berechnungen, fir mat Hëllef vun Dronen a Satellitte méi nohalteg ze schaffen. De Prof. Dr. Lucien Hoffmann erkläert: "Donnéeën, déi vun Drone kommen, Donnéeën, déi vu Satellitte kommen - aus deene gi Kaarte gemaach, fir ze gesinn, wou d'Krankheet am Feld ass, wou ass villäicht ënnerdüngt. Déi Kaarte kënnen dann op dem Trakter-Computer geluede ginn, fir d'Maschinne genau ze steieren, datt een net iwwerall déi selwecht Quantitéit sprëtzt, mee ebe just do, wou et néideg ass."

Domadder gëtt net just de Portmonnie vum Bauer geschount, ma och d'Ëmwelt. Bei de Produite gesäit een dann och méi einfach, wou se hierkommen. Net all Bauer huet eng Dron, dat ass awer net schlëmm.

"Mir kommen op d'Plaz. Et ginn och schonn eng Rei Firmen, déi dës Servicer ubidden. Ech denken an Zukunft wäert dat eppes sinn, wat villäicht an 20 Joer all Bauer huet, fir seng Felder besser ze suivéieren a fir seng Maschinnen, den Dünger an d'Pestizide besser anzesetzen."

Hightech fir d'Bauere-Betriber also. De List stellt esou eng Dron op der Foire Agricole aus. D'Visiteure kréien dann och gewisen, wéi sech d'Kränkte verbreeden a wat dogéint ka gemaach ginn.

Nierft dem LIST bidden och eenzel Firmen dëse Service schonns un.  Sensoren a sougenannte Respondere ginn och schonns bei den Déieren agesat.

Extrait Lucien Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO