EurobarometerLogement an d'Präisdeierecht sinn nach ëmmer gréisste Suerge vun de Lëtzebuerger

Claudia Kollwelter
Dat geet aus dem Eurobarometer ervir, deen e Méindeg presentéiert gouf.
Eurobarometer
Am meeschte Suerge maache sech d’Leit hei am Land wéinst dem Logement an der Präisdeierecht.

Trotzdeem bewäerten 9 vun 10 vun de befrote Lëtzebuerger Residenten déi allgemeng Situatioun hei am Land als gutt. Virun allem déi Jonk si positiv agestallt.

Déi Jonk hei am Land géifen un Europa gleewen an dat och méi wéi déi eeler Populatioun a méi wéi an eisen Nopeschlänner, huet d’Anne Calteux, d’Cheffin vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der EU-Kommissioun, betount. D’Lëtzebuerger Residentë wieren allgemeng nach ëmmer pro-europäesch agestallt. De Bléck an d’Zukunft ass bei villen dann awer méi virsiichteg.

Dat muss ee seriö huelen. Ouni Iwwerraschung ass de Logement an d’Präisdeierecht e grousst Uleies vu Leit. Dat huet net geännert. Déi Sujete beschäftegen d’Lëtzebuerger weider.

Méi schlecht ass d’Gefill vun de Leit gi par Rapport zur Kriminalitéit: “Et ka sinn, datt d’Thema méi bei de Leit am Kapp war, well et och am Kader vun der Walcampagne thematiséiert ginn ass. Mä et ass einfach eppes, wat d’Leit beonrouegt.

E weidere Sujet, deen de Leit Suerge mécht, ass d’Immigratioun. Dem Anne Calteux no ass et och am Kader vun den Europawalen d’nächst Joer immens wichteg, datt iwwert dat Thema geschwat gëtt.

Et ass e Sujet, wou dacks Saache matenee vermëscht ginn an an en Dëppe geheien, déi net an een Dëppe gehéieren. Do muss ee verstäerkt erausgoen a mat de Leit schwätzen. Do muss ugeschwat ginn: vu wéi enge Leit schwätze mer? Wie sinn déi Refugiéeën? Wat sinn hir Motiver? Wat ka Lëtzebuerg maachen, fir déi Leit opzehuelen?

Diskussiounen, déi och de Moment intensiv zu Bréissel gefouert ginn. D’Anne Calteux hofft, datt ee spéitstens Ufank nächst Joer en Accord fir de Migratiounspak op EU-Niveau fënnt.

Back to Top
CIM LOGO