
Wéi de Statec en Donneschdeg de Moie matdeelt, sinn d’Appartementer an d’Haiser am véierten Trimester 2021 ëm 12 Prozent an d’Luucht gaangen. Dat ass manner wéi an den Trimestere virdrun. Am meeschte sinn d’Präisser bei Appartementer geklommen, déi nach am Gaang sinn, gebaut ze ginn. Iwwert dat ganzt lescht Joer gekuckt sinn d’Logementspräisser ëm 13,9 Prozent par Rapport zu 2020 geklommen. 2020 louch déi järlech Hausse bei 14,5 Prozent. 2019 bei 10 Prozent.
Am Kanton Lëtzebuerg louch den Duerchschnëttspräis fir en Haus bei 1.450.000. Dat ass bal Duebel sou vill wéi d’Moyenne am Norden. De Verkafspräis pro Quadratmeter hänkt gréisstendeels vun der Zort vum Appartement, vun der gréisst a vun der Lokalitéit of, esou de Statec.