
D'Loterie Nationale huet en Donneschdeg matgedeelt, dass de Loïc Hoscheit (36 Joer) Enn 2027 wäert de Poste vum Direkter iwwerhuelen, dat well de momentanen Direkter, de Léon Losch, no 27 Joer op dësem Posten, an d'Pensioun geet. E Mëttwoch gouf de Loïc Hoscheit unanime op dëse Poste vum Verwaltungsrot gewielt.
Hie wäert de 15. Februar 2027 bei der Lotterie Nationale ufänken an no enger Transitiounsphas dann den Direkteschposten Enn 2027 iwwerhuelen.