
Déi éischt viséiert de Schutz vu Locatairen, dass dës iwwert 3 Méint hire Loyer kéinten aussetzen an eréischt nodréiglech sollt mussen ausbezuelt ginn, fir ze verhënneren, dass keen an d’Prekaritéit rëtscht.
Eng zweet Propositioun gesäit vir, dass de Remboursement vu Prêten och fir 3 Méint sollt kënne ausgesat ginn. Dat fir Privatleit an och fir Kleng- a mëttelgrouss Entreprisen.
Déi Mesure wiere fir d’Piraten primordial, well se déi Leit, déi vun de Konsequenze vum Virus getraff goufen, géife schützen a gläichzäiteg deene Leit, déi investéiert hätten, a schwéieren Zäiten eng finanziell Planungssécherheet kéinte bidden.
