Observatoire de l'habitatLoyerspräisser klammen zënter dem 3. Trimester 2022

RTL Lëtzebuerg
An engem Mount presentéiert den Observatoire de l'habitat seng leschte Chiffere vun der Aktivitéit um Wunnengsmaart am leschten Trimester 2022.

Dem Fuerscher vum LISER Julien Licheron no ginn d’Experte fir dëst Joer fir den Ament vun zwee méiglechen Zenarien aus, wéi sech d’Situatioun entwéckelt.

Entweder géifen d’Wunnengspräisser erofgoen an de Marché sech also der manner héijer Demande upassen. Oder d’Präisser kéinten awer och weider an d’Luucht respektiv héich bleiwen, well wéinst der niddreger Demande manner gebaut gëtt.

Wéi en Zenario méi probabel ass, huet de Fuerscher um Mëttwoch op de Logements-Assisen an der Abtei Neimënster opstoe gelooss.

Dem Julien Licheron no wieren d’Loyerspräisser zu Lëtzebuerg an de leschte Joren zimmlech stabel bliwwen. Zanter dem 3. Trimester d’lescht Joer huet den Observatoire de l’habitat awer festgestallt, datt d’Loyeren ugefaangen hunn mat klammen. Donieft géif een an de Chiffere gesinn, datt den Undeel vun den Investisseure bei den Neibauten (Ventes en l’état futur achèvement VEFA) vu 40 op 30% erofgaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO