Wärend engem Joer soll de "bëllegen Akt" op 30.000€ gehéicht ginn
De Logementsminister Henri Kox proposéiert temporär Mesuren, fir dem Stëllstand am Bau entgéint ze wierken.
Wärend enger Dauer vun 12 Méint soll de "bëllegen Akt" vun 20.000 op 30.000 Euro gehéicht ginn.
Bannent där Period solle bei Wunnengen am Bau d‘Enregistrementsfraisen ënner gewëssen Ëmstänn reduzéiert ginn.
Dat war de Mëtteg an der Abtei Neimënster gewuer ze ginn. De grénge Minister wëll mat deene Proposen an de Regierungsrot goen. Déi verschidden Acteuren um Wunnengsmaart waren do de ganzen Dag fir déi sougenannten Assises Logement beieneen. De Privatsecteur fäert jo, et kéint bedeitend manner gebaut gi wéinst den deiere Produktiounskäschten, den héijen Zënsen awer och den annoncéierte Logements-Reformen.
De Fuerderunge vum Bausecteur fir den Amortissement accéléré nees ze héijen an d'TVA op 3% ze reduzéieren, kënnt den Henri Kox net no. De Ministère seet sech awer bereet fir dem Privatsecteur Bauprojeten ofzekafen, fir Aktivitéit an Aarbechtsplazen z'erhalen.
A grousse Linnen hält de Minister Kox weider um vill kritiséierte Loyersgesetz fest. Eng Adaptatiounspropos ass, datt d'Loyeren an Zukunft all zwee Joer em 10 Prozent an d'Luucht dierfe goen. Donieft soll den Text um Niveau vun de Renovatiounen nogebessert ginn.
Bei der Reduzéierung vum Plaffong vum investéierte Kapital vun 3,5 Prozent soll et awer bleiwen. Eng weider Editioun vun de Logements-Assisen ass fir den 11. Mee ugesat.