
Déi lescht 12 Méint hunn d'Präisser awer besonnesch staark ugezunn, +6,9%.
Speziell déi net nei Appartementer an Haiser sinn däitlech méi deier ginn, +8,3% fir Appartementer a bal 10 % (+9,8%) fir eeler Haiser. D'Präisser fir Appartementer, déi am Gaange si gebaut ze ginn, sinn ëm 2,1% geklommen. Och wat d’Loyerspräisser ugeet, war 2018 exzeptionell, hei gouf et eng Hausse tëscht 10 an 12%.
Dës Chifferen huet d'Logementsministesch Sam Tanson en Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun – op Demande vun der CSV – presentéiert.
D'Grënn fir d'Präishausse sinn nach ëmmer déi grouss Demande. Zënsen an d'Prête sinn historesch niddreg. Et bleift schwéier un Terrain ze kommen. An obwuel méi gebaut gouf, kënnt d'Offer der Demande net no. En anere Facteur, fir déi méi héich Präisser, ass d'Hausse vun der TVA 2015 vun 3 op 17% fir Zweetwunnengen.
Wéi een Impakt d'Ewechfalen dëst Joer vum sougenannte "Quart-Taux", also de steierlechen Erliichterungen op der Plus-value, hat, muss nach genee analyséiert ginn. Dofir missten och d'Zuele vun 2019 ofgewaart ginn, heescht et vum Liser, deen d'Logementspräisser analyséiert huet an déi Etüd en Donneschdeg och an der Chamberkommissioun presentéiert huet.