Déi LénkLSAP an déi Gréng wieren d'„Vasallen“ vun der DP

RTL Lëtzebuerg
Si hätten entweder d’Mesuren net richteg verstanen, oder wéilte verstoppen, wat de Solidaritéitspak duerstellt, esou Déi Lénk op enger Pressekonferenz.
Déi Lénk: LSAP an déi Gréng wieren d'„Vasallen“ vun der DP
Si hätten entweder d’Mesuren net richteg verstanen, oder wéilte verstoppen, wat de Solidaritéitspak duerstellt, esou Déi Lénk op enger Pressekonferenz.

D’Spriecher vun der Oppositiounspartei Carole Thoma a Gary Diderich hunn op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien erkläert, datt et d’Leit sinn, déi fir hir eege Kompensatiounsmesurë bezuelen, an net d’Betriber. D’LSAP an déi Gréng géifen elo de Solidaritéitspak vun der Tripartite schéi schwätzen.

Déi Lénk/Reportage François Aulner

De Solidaritéitspak gesäit jo nämlech vir, datt op d’mannst d’Indextranche vun August op den Abrëll 2023 verréckelt gëtt. D’Kompensatiounsmesuren dofir, datt d’Betriber d’Tranche net musse bezuelen, iwwerhëlt jo awer de Staat. Et wieren och besonnesch grouss Betriber op der Finanzplaz oder Betriber wéi Amazon, déi vum Solidaritéitspak géinge profitéieren. Déi Lénk proposéieren, datt ee just geziilt deene Betriber hëlleft, déi wéinst der Hausse vun den Energiepräisser Pertë maachen.

D’Verréckele vum Index géing fir déi Lénk eng “dauerhaft Manipulatioun” duerstellen. Den Index wier awer keen Instrument, fir Sozialpolitik ze maachen, mee en Instrument, fir ze verhënneren, datt d’Realléin wéinst der Inflatioun u Wäert verléieren. Fir géint d’Ongläichheete virzegoen, misst een eng sozial Steierreform maachen, sou déi Lénk.

Back to Top
CIM LOGO