Invité vun der Redaktioun (15. Februar) - Tom JungenLSAP muss Memberen nees motivéieren an dofir bei si op den Terrain goen

Pit Everling
E Freideg de Moie war den neie Generalsekretär vun der LSAP eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Radio - Invité vun der Redaktioun: Tom Jungen
E Freideg de Moie war den neie Generalsekretär vun der LSAP eisen Invité vun der Redaktioun.

Wéi de Franz Fayot mech gefrot huet hunn ech mech dermadder ausernee gesat a "Jo" gesot. Dat seet den neie Generalsekretär vun der LSAP Tom Jungen. Hie war um Freideg de Moien den Invité vun der Redaktioun.

De Réiser Buergermeeschter krut um Kongress 96% Zoustëmmung.

Datt hie Gewerkschaftler wier an den neie President Affekot, dat wier net problematesch, mä komplementar.
Déi nei Ekipp hätt kee Wonnermëttel fir déi sozialistesch Partei fir d'Zukunft opzestellen. Ma et misst ee sech dem Challenge stellen. Et misst een nach méi kloer de soziale Profil vun der LSAP schäerfen, wéi dat an der Vergaangenheet geschitt ass. Et géif sécherlech net duergoen, just no lénks ze réckelen an ze mengen, dass dann all d'Problemer geléist wieren. Den Tom Jungen mengt, et misst een e klore sozialdemokratesche Profil entwéckelen, deen d'Äntwerten op d'Erausfuerderunge vun haut a muer gëtt.  Da géif ee sech wielbar maache fir méi eng breet Wielerschicht, wéi dat haut de Fall ass.

Extrait Tom Jungen

Déi generell Kris vun der Sozialdemokratie dierft net dru fest gemaach ginn, datt de klasseschen Aarbechter vläicht net méi sou existéiert an datt an der Vergaangenheet Feeler gemaach goufen, am Ausland nach méi ewéi zu Lëtzebuerg, ënner anerem wier een ze vill op der neoliberaler Schinn matgefuer.

Op enger Rei Chantiere misst een upaken, den internen Dialog misst verbessert ginn, et misst een der Basis nolauschteren. Och no bausse misst ee sech opmaache fir nei Wielerschaften, den Dialog mat Gewerkschaften an Ëmweltorganisatioune sollt verbessert ginn.

Wat déi personell Erneierung ugeet wier hien net deen, deen etabléiert Politiker wéilt lass ginn. D'Erneierung misst zesumme geschéien.

LSAP-Generalsekretär, Buergermeeschter vu Réiser an OGBL-Gewerkschaftssekretär: Vill Fräizäit wäert den Tom Jungen net méi hunn. D'Prioritéit léich awer op dem Mandat wat de Wieler him ginn hätt an dat ass de d'Gemengenaarbecht zu Réiser.

E Freideg de Moie war den neie Generalsekretär vun der LSAP eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO