Et gëtt ganz schwiereg an 18 Méint en neien Accord tëscht Bréissel a London auszehandelen, dat sot e Méinden de Moien de fréiere Finanzminister Luc Frieden am Kontext vun de Brexit-Verhandlungen, déi jo e Méinden offiziell ufänken. 2018 ass, dem CSV-Politiker no, dat eenzegt Joer an deem richteg verhandelt kéint ginn. Dat Joer drop wieren Europawahlen an dëst Joer géif een elo mol eréischt ukommen.
Op "soft" oder "hard Brexit", Groussbritannien kéint net méi déi selwecht Rechter hunn, wann et kee Member vun der Europäescher Unioun méi ass, sou de Luc Frieden. Bréissel wier awer dru weider geleeën eng enk Partnerschaft mat London ze halen. Alles dat misst am Accord, deen elo ausgehandelt gëtt, assuréiert ginn.
D'City vu London bleift, dem fréiere Finanzminister no, och an Zukunft eng Plaz als ekonomeschen Zentrum fir Finanzdéngschtleeschtungen. Den europäeschen Zougang vu bis ewell, den europäesche Pass op de Finanzdéngschtleeschtungen, kéint se awer sécher net halen.
Schwieregkeeten gesäit de Luc Frieden doranner datt déi aner 27 Memberstaaten op Dauer a Saache Brexit mat enger Stëmm schwätzen. Et géif wuel bei enger gemeinsamer Linn bleiwen, woubäi déi eenzel Länner awer och sécher op dat oppasse wäert, wat fir si an der Relatioune mat Groussbritannien wichteg ass. Am Fall vu Lëtzebuerg wier dat kloer d'Finanzplaz.
Den Invité vun der Redaktioun war e Méindeg um 10 op 8 de fréiere Finanzminister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.