Koalitioun konkretiséiert sechLuc Frieden: Verhandlunge sollen nächst Woch ofgeschloss sinn

Roy Grotz
Intensiv Deeg mat ville Gespréicher, dat huet de Formateur Luc Frieden vun der CSV fir dës Woch annoncéiert.
Luc Frieden: Verhandlunge sollen nächst Woch ofgeschloss sinn
Intensiv Deeg mat ville Gespréicher, dat huet de Formateur Luc Frieden vun der CSV fir dës Woch annoncéiert.

Koalitiounsverhandlungen/Reportage Michèle Sinner

Bis Enn d’nächst Woch sollen d’Koalitiounsverhandlungen tëscht der CSV an der DP ofgeschloss sinn, dat ass op d’mannst de Feeling vum Formateur Luc Frieden, deen am spéide Nomëtteg eleng virun d’Press getrueden ass.

Do huet den CSV-Politiker de Point vun de Verhandlunge gemaach, ouni awer thematesch op Detailer anzegoen, wou d’Vue auserneeginn oder wou sech konnt op eng gemeinsam Ligne gëeenegt ginn.

Wéi de Luc Frieden sot, sollt e Maximum vun de Punkten aus de Walprogrammer vun CSV an DP och am Koalitiounsaccord erëmzefanne sinn.

Extrait Luc Frieden

D’Verhandlunge bis ewell géifen nach ëmmer am Zeeche vu Respekt a Matenee gefouert, sou de Luc Frieden, deen d’nächst Regierung als eng vun der “neier Energie” beschriwwen huet, déi Politik wëll mat de Leit maachen.

Als wichteg thematesch Punkten, wou nach intensiv misst geschafft ginn, huet de Formateur just d’Stäerke vun der Kafkraaft an d’Eropsetze vun der Aktivitéit am Bausecteur genannt.

Luc Frieden: Verhandlunge sollen nächst Woch ofgeschloss sinn
Intensiv Deeg mat ville Gespréicher, dat huet de Formateur Luc Frieden vun der CSV fir dës Woch annoncéiert.

Opmierksam Lieser a Lieserinnen haten tëscht de Programmer vun CSV an DP tatsächlech grouss Ënnerscheeder an der Logements- an an der Steierpolitik. D’CSV hat jo versprach, d’Steieren fir jiddereen erof ze setzen an d’DP gesot, dofir wiere keng Suen do, mee et wéilt een eng Steierklass aféieren. Wéi do e Kompromëss fannen?

“Da muss der iech do iwwerraschen loossen. Mee dir wäert gesinn, datt et mäi Wëllen ass, an datt ech och no deene Gespréicher vun haut spieren, datt mer an deenen Diskussiounen – wat alles schwiereg Diskussiounen sinn, mee konstruktiv Diskussiounen -, datt mer do eppes fannen, wat déi zwou Parteien kënnen zesummen presentéieren.”

Iwwert d’Ressortverdeelung an d’Regierungspersonal wollt de Luc Frieden nach näischt soen. An den Delegatiounen hätt ee nach net driwwer geschwat.

“Mee a mengem Kapp ginn et schonn e puer Iddien. Dat ass ganz evident.”

En Dënschdeg a Mëttwoch gëtt weider de ganzen Dag an der grousser Ronn mat de Verhandlungsleadere Bettel a Wiseler verhandelt, éier de Formateur e Mëttwoch dann dem Grand-Duc en Tëscherapport mécht.

Keng Reunioun ass en Donneschdeg, wann den aktuelle Staatsminister Bettel op enger internationaler Konferenz iwwert d’Situatioun am Noen Osten ass. Déi Zäit wëll een awer notzen, fir a méi klenge Gruppen un de Pabeieren ze schaffen, éier ee sech eventuell nees e Freideg zu Senneng wäert gesinn. Déi nächste Woch soll den Accord da vun de Gremie vun de Parteie validéiert ginn.

Iwwert d’Verdeele vun de Ressorten oder de Poste gouf haut kee Wuert verluer, obwuel dat natierlech de Public mat am meeschten wäert interesséieren.

No enger Woch Paus goungen d’Koalitiounsverhandlungen e Méindeg weider

Déi 12 thematesch Aarbechtsgruppen hunn hir Aarbecht ofgeschloss. Vun e Méindeg bis e Mëttwoch kommen d’Delegatioune vun den zwou Parteien am Schlass zu Senneng beieneen. Deemno geet et an der Plenière elo drëms, d’Rapporte vun deenen Aarbechtsgruppen z’analyséieren. Et gëtt där Aarbechtsgruppe jo am Ganzen eng Dosen, woubäi déi éischt Prioritéit vun den Delegatiounen d’Aarmutsbekämpfung ass.

Hannert de Kulissen heescht et, datt et bei de Steieren a bei der Educatioun nach déi gréissten Diskussioune gëtt.

Back to Top
CIM LOGO