Invité vun der Redaktioun (10. Juli)Luc Henzig, neie Rockhal-President

RTL Lëtzebuerg
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war den neie President vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Luc Henzig
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war den neie President vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.

Zanter dem 16. Mee ass den Luc Henzig neie President vum Verwaltungsrot vum Centre de Musiques Amplifiées, der Rockhal.

Hien ass zoustänneg fir déi strategesch Orientatioun. An deem Sënn wëll hie virop d'Programmatioun vun der Rockhal méi kloer no baussen duerstellen, well net all Concert an der Rockhal ass vun der Rockhal organiséiert. Dacks gëtt d'Infrastruktur vun anere gelount. Dowéinst kann een och net soen, datt d'Rockhal, déi jo dem Staat gehéiert, eng onfair Konkurrenz géintiwwer de private Promoteure wier, sou den Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Mueren.

Dem Rock n'Roll begeeschterte Luc Henzig läit awer Besonnesches och den „Rocklab“um Häerz, wou jonk Gruppen oder Museker begleet ginn. Dofir stinn ënnert anerem Tounstudioen a Proufsäll zur Verfügung. Wat de Site Belval ugeet, do ass een zefridde mam Accès an de Parkplazen, ma, et hofft een op méi Liewen, notamment duerch d'Uni Lëtzebuerg. D'Rockhal selwer soll dann och moderniséiert gi mat digitale Méiglechkeete fir ze bezuelen an engem VIP-Beräich mat Balkonen an de Concertssall, sou nach de neie President vun der Rockhal Luc Henzig.

Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war den neie President vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO