D'Aarbechten un der Verfassungsreform kéinte realistesch gesinn an der Mëtt vun der nächster Legislaturperiod ofgeschloss ginn, dat sot en Dënschden de Moien de Verfassungsexpert Luc Heuschling bei eis op der Antenn. Et wieren nach ëmmer Punkten am Text déi nach geännert kéinten, geännert misste ginn. Zum Beispill wier de Stellewäert vum Referendum nach ëmmer net kloer geregelt, sou de Professer fir Verfassungsrecht vun der Uni Lëtzebuerg. D'Suerg virop vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry datt d'Verfassungsrevisioun no de Wahlen nees am Tirang verschwënnt, deelt de Luc Heuschling net.
De Luc Heuschling bedauert dogéint nach ëmmer, datt d'Politik de Prozess vun Ufank un net méi transparent ugaangen ass - laang wier den Text hannert zouenen Diere gehale ginn. Donieft wieren d'Bierger ganz spéit an de Prozess agebonne ginn. Do hätt ee kéinte méi maachen, seet de Verfassungsexpert. Dem Luc Heuschling no awer kann een net méi Politik maache wéi fréier. Et géif net méi duergoen dem Bierger fäerdeg Texter dohinner ze leeën. D'Leit musse kënnen hiren Input ginn. Ma dat wier e Kulturwiessel mat deem sech verschidde Politiker géife schwéier doen.
Invité en Dënschden de Moien um 10 op 8 war de Luc Heuschling.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.