Et huet zwar elo gereent, ma d'Phase de vigilance beim Drénkwaasser, déi d'lescht Woch ausgeruff gouf, bleift viraussiichtlech nach bis de Kollektivcongé an der Grousser Vakanz bestoen, dat sot e Mëttwoch de Moien den Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt Luc Zwank am RTL-Interview.
De Verbrauch ass d'lescht Woch duerch déi méi kill Temperaturen, de Reen an d'Vakanz zeréckgaangen. Doduerch ass de Risk vu weideren "alerte orange" an de Gemenge méi kleng. Ma de Reen an de leschten Deeg ass awer net duergaangen, fir déi dréche Wanterméint ze kompenséieren, sou de Luc Zwank. De Wanter wier immens wichteg fir d'Quellen an d'Grondwaasser, fir sech opfëllen ze kënnen. Wann et bal net reent, ass dat net méiglech. Effektiv kéinte Quellen a Grondwaasser an den nächste Wochen nach weider un Debit verléieren.
D'Phase de vigilance wier bewosst fréi ausgeruff ginn, sou nach den Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt, fir d'Bierger ze sensibiliséieren an de Gemengen, déi néideg Prozedure mat op de Wee ze ginn, fir reagéieren ze kënnen.
Den Invité vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 war de Luc Zwank, de Vizedirekter vum Waasserwirtschaftsamt.
Ee däitlech méi waarmt an dréchent Fréijoer hate mir dëst Joer
Wéi et am meteorologesche Bulletin vum LIST heescht, wier d’Period tëscht Abrëll a Mee duerch een Héichdrockafloss markéiert gewiescht. Wat d'Temperature ugeet, hätten déi iwwert der Duerchschnëttstemperatur geleeën, am Verglach zu der Period 2001-2010. De Mee war mat engem Duerchschnëtt vun 15,8 Grad, déi op der Statioun zu Réimech gemooss goufen, dee wäermste Mount. Den 28. Mee goufen do 32,7 Grad gemooss. Richteg kal dogéint war et nach am Abrëll, wou den 20. Abrëll zu Schëmpech -9.3 Grad gemooss goufen.
Par rapport zu der Vergläichsperiod 2001-2010 war d’Fréijoer dëst Joer dann och däitlech méi dréchen. Just 2011 an 2014 huet et nach manner gereent.