A wie setzt sech fir de Klimaschutz an? De Mouvement lueft déi Jonk a kritiséiert d'Politik. Déi Jonk hätten d’Klimakris erkannt a kréie fir hir rezent Manifestatioun eng "Bonne Note" vum Mouvement Écologique. Si géife sech seriö fir de Planéit engagéieren. D’Presidentin vum Mouvement, d'Blanche Weber betount, dass et keng méi normal a banal Fuerderung géif ginn. D'Fuerderung, fir op de Planéit opzepassen, dass och déi, déi haut jonk sinn, spéider normal um Planéit liewe kënnen.
Duerno gouf et awer virop Kritik, an zwar un der Politik. Fir d’éischt un der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen, dat fir hir kritesch Reaktioun op d’Iddi vum LSAP-Parteipresident Franz Fayot, deen d'SUVe méi besteiere wëll.
Och d’Regierung a generell d’Politik kéint méi maachen. Et hätt een nach ëmmer keng nohalteg Steierreform an déi haiteg Situatioun a Punkto Klimaschutz wier ee grousse Widdersproch.
De Mouvement freet konkret Mesuren a Propose fir de Klimaschutz, och vun de Parteie fir d'Europawalen. Europa misst sech d’Fro stellen, ob ee méi Wuesstem a Globaliséierung wéilt oder méi Nohaltegkeet a Klimaschutz.