
Et ass definitiv keng gutt Woch fir d’Luxair. Nom Demi-Tour vun enger neier Embraer-Maschinn Uganks der Woch an der Noutlandung vum Luxair-Vol zu Nice en Donneschdeg, huet déi national Fluchkompanie e Samschdeg missen de geplangte Fluch op Dubai ëm 24 Stonnen no hanne verréckelen. Grond dofir ass déi aktuell ugespaant Situatioun am Noen Osten.
De Fliger sollt u sech de Moien um zwanzeg fir 7 fortgoen. Och aner Fluchkompanië si betraff. Dorënner Air France, d’Lufthansa, British Airways, Air Canada an déi hollännesch KLM. KLM flitt den Ament weder Tel Aviv an Israel, nach Saudi Arabien un. D’Lufthansa huet decidéiert, bis nächste Samschdeg just am Dag op Tel Aviv an Amman a Jordanien ze fléien. Teheran gëtt bis den 28. Mäerz vun der däitscher Fluchkompanie guer net ugeflunn. Et géif een bis Weideres net iwwert den iranesche Loftraum fléien, heescht et.
An de leschten Deeg haten d’USA weider staarken Drock op den Iran gemaach. En Donneschdeg hat den Donald Trump gesot, et wier “eng amerikanesch Armada” vun der Marinn ënnerwee an d’Golfregioun, dorënner och d’Militärschëff USS Abraham Lincoln.