Et ass e Quartier, wou déi ënnerschiddlechsten Haiser stinn, ma eppes fält awer op. Et sinn dacks relativ modern a grouss Bauten a virun de Garage stinn och eng ganz Partie Lëtzebuerger Placken. En islänneschen Investisseur huet der däitscher Gemeng, déi direkt un der Lëtzebuerger Grenz läit, dëse Projet proposéiert. 400 Bauplazen op der Këppche vu Wincheringen, mat Vue op d’Riewe vu Wuermer. Geplangt war hei eng luxuriéis a roueg Cité am amerikanesche Stil. Dat huet den zukünftege Bewunner awer net esou gutt gefall, sou dass elo awer jiddereen no sengem Goût baue konnt.
Wéi de Wincheringer Buergermeeschter Elmar Schöhmann erzielt, liewen a sengem Duerf ronn 1.000 Auslänner, déi 54 Nationalitéite representéieren. E gudden Deel dovu si Lëtzebuerger an dës wunnen ënnert anerem natierlech och an dësem méi deiere Véierel.
Exklusiv fir Auslänner wier de Quartier awer net gebaut ginn, erkläert de Magnus Östlund, deen de Projet mat opgebaut huet. Et wier awer kloer, dass den däitschen Duerchschnëttsbierger sech hei net onbedéngt eppes kafe kann.
Den Immobilienagent Christoph Krause schafft zwar zu Lëtzebuerg, vermëttelt awer och reegelméisseg Logementer an Däitschland. Hie konnt déi lescht Joren e kloren Trend observéieren: “Et sinn ëmmer méi jonk Famille mat Kanner, awer och Singlen, déi an d’Grenzregioun wunne ginn a weider zu Lëtzebuerg schaffen.” Dat wier awer och verständlech, wann ee sech d’Präisser an d’Finanzéierungsméiglechkeete géif ukucken.
Dass eng ganz Partie vu senge Bierger zu Lëtzebuerg schaffen, stéiert de Buergermeeschter vu Wincheringen net. Natierlech géife sou keng Steieren an d’Keess vun der Gemeng kommen, well déi jo dann zu Lëtzebuerg bezuelt ginn. Ma déi Däitsch aus der Regioun géife jo awer och zu Lëtzebuerg vun den Aarbechtsplazen a gudde Paie profitéieren. An dat hätt am Endeffekt e gudden Afloss op d’Wirtschaft vum Duerf.