Den Educatiounsministère léisst den Direktiounen am Secondaire Flexibilitéit, wat zum Beispill den Homeschooling ugeet. Am Lycée Michel Lucius um Lampertsbierg fiert een zanter e Méindeg am Cycle supérieur mat A- a B-Gruppen.
Deemno sinn d’Klasse vu 4ème bis 1ère eng Woch op déi aner ganz doheem oder ganz an der Schoul. Doduerch zirkuléieren pro Woch eng 430 bis 460 Leit manner um Campus. Dat hätt de Virdeel, dass ee sech an de Gäng, an de Klassesäll, an der Kantin an an de Schoulbussen méi aus dem Wee kéint goen.
Dat Ganzt wier duerch d’Ëmstellung op digitaalt Léiere méiglech. Doduerch kéinten och vulnerabel Persounen, grad wéi déi, déi a Quarantän oder am Isolement sinn, awer un all Cours Deel huelen, huet d’Directrice vum Lycée Michel Lucius, d’Pascale Petry RTL géigeniwwer erkläert.
D’Direktioun huet och d’Autorisatioun kritt, fir op alle Klassen no Semesteren amplaz Trimesteren ze fueren. Dat fir d’Prüfungen anescht kënnen ze verdeelen a fir sech esou méi ëm d’Léieren am manner ëm d’Préiwen ze këmmeren.
Wéi den Educatiounsminister Claude Meisch en Dënschdeg de Moien um Bord vun der Presentatioun vun der digitaler Studentefoire sot, wier ausser dem Michel Lucius bis elo nach kee Lycée op de Wee gaangen, fir en Deel vum Cours op Distanz z’organiséieren. Et géifen awer eng Rei Schoule konkret driwwer nodenken. E Mëttwoch oder en Donneschdeg wëll den Educatiounsminister decidéieren, ob nei Mesuren an deem Sënn sollen agefouert ginn.

Vum 16. November un: Wéi gesi Schüler a Personal den Ëmgang mat der Pandemie an de Schoulen?