3 grouss Educatioun-Projete sollen nach virun der Summervakanz an der Chamber gestëmmt ginn: de Wäerterunterrecht an der Grondschoul an d’Reprise vun de Reliounsenseignanten, déi do drun hänkt, d’Lycéesreform an déi gratis Kannerbetreiung. Den Educatiounsminister Claude Meisch war dowéinst um Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
De Wäerteunterrecht ersetzt jo d'Relioun an d'Morale. "Ech hunn d’nächst Stonn Viso“, wäerten dann d’Schüler soen a mengen dat neit Fach „vie et société“. Den Interessi wär ganz grouss bei den Enseignanten, bei den Titulaire vun de Klassen, fir dee Cours ze halen, sot um Donneschdeg de Moien de Claude Meisch.
Eng 220 Reliounsenseignante ginn et aktuell. 40 bleiwe beim Bistum an eng 130 wiessele bei de Staat. Si krute verschidde Méiglechkeete vun enger Reprise proposéiert an an Eenzelgespréicher erkläert. De Claude Meisch versteet, datt eenzel Enseignante beonrouegt sinn, versprécht awer, datt kee fale gelooss gëtt.
D'Lycéesreform dierft nach virun der Summervakanz gestëmmt ginn. Digitaliséierung a Schoulautonomie sinn zwee Stéchwierder. Et géif ee sech mat der Autonomie – als Politik – net der Verantwortung entleedegen, dat géif een net maachen.
D'Sprooche si fir vill Schüler e Problem. D'Lycéesreform géif net genuch dorobber reagéieren, ass eng Kritik. De Minister huet betount, datt et him awer och wichteg war, datt e gewëssen Niveau assuréiert ass.
Dowéinst hätt een eng international Schoul zu Déifferdeng/Esch gemaach. De Michel Lucius géif Engleschsproocheg Filièren offréieren. Et wär een an Diskussioune mat enger Schoul ronderëm d'Stad fir en europäesche Programm unzebidden an och am Norde kuckt een, datt en anere Sproocheprofil ugebuede gëtt.
Den Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg war den Educatiounsminister Claude Meisch. Do huet hien Detailer zu neie Programmer a Lycéeën verroden.
Ma et ass nach eng aner Nouvelle, déi de Claude Meisch en Donneschdeg de Moien iwwer d'Antenn vun RTL Radio annoncéiert huet, an zwar, datt een am Zentrum an am Norden europäesch Programmer a Lycéeë wëll integréieren, déi speziell Sproocheprogrammer ubidden.
Fir den Zentrum ass een do mat zwou Schoulen ronderëm d’Stad am Gespréich. An den nächsten zwee Méint dierft feststoen, wéi eng Schoul mat op dee Wee geet.
Am Norden schéngt et do méi konkret ze sinn. Do wier ee mat enger Direktiounsequipe am Gespréich. RTL-Informatiounen no, ass do de Lycée Edward Steichen zu Klierf concernéiert.
Esouwuel am Norden, wéi och am Zentrum sollen déi nei Programmer vun der Rentrée 2018/2019 un ëmgesatRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.