Invité vun der Redaktioun (22. Juni)M.Goldschmit "Reflex Vëlo muss an d'Käpp vun de Politiker"

RTL Lëtzebuerg
D'Invitée vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 Auer war d'Monique Goldschmit.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Monique Goldschmit (22. Juni)
D'Invitée vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 Auer war d'Monique Goldschmit.

Vëlosfueren u sech ass net geféierlech mä mir sinn hei zu Lëtzebuerg nach net dru gewinnt, datt méi Vëlosfuerer ënnerwee sinn.
De Reflex Vëlo muss an de Käpp vun de politesche Responsabelen ukommen, seet d'Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlo-Initiativ Monique Goldschmit am RTL-Interview. Si war en Donneschden de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Holland, wat jo dacks als Vëlo-Land par Excellence ugesi gëtt, hätt an den 1970er Jore schonn ugefaangen, hir Mobilitéitspolitik ëmzedenken an ugefaangen, d'Mobilitéit als e Mateneen tëscht Auto a Vëlo ze denken, sou d'Monique Goldschmit. Zu Lëtzebuerg wiere mer do nach net, och wann an der Vëlo-Initiativ zanter de leschte puer Joer souwuel am Transportministère, wéi bei Ponts et Chaussées méi géif nogelauschtert ginn.

Den Ament wieren och sou vill Projeten am Gaangen, ëmgesat a geplangt ze ginn, wéi nach ni.
Konkret fir d'Gemengewahle fuerdert d'Vëlo-Initiativ méi Infrastrukture fir de Vëlo.

Tëscht Esch an der Stad schwieft der Lëtzebuerger Vëlo-Initiativ e sougenannte "Vëlo-Schnellwee" vir. Den Ament sinn déi zwou gréisst Stied am Land nach direkt fir d'Mobilité douce matenee verbonnen. D'Iddi ass eng direkt a séier Verbindung fir de Vëlo vun 18 Kilometer ze schafen, mat sou mann wéi méiglech Intersektioune mam Auto. Elo géif et drëm goen, fir ze kucken, wéi een déi néideg Terraine kritt.

D'Invitée vun der Redaktioun en Donneschden um 10 op 8 Auer war d'Monique Goldschmit.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO