Opgepasst FishingMaile mam Numm vum Generaldirekter vun der Police maachen den Tour

RTL Lëtzebuerg
D'Police warnt um Mëttwoch de Moie virun Maile vun Onéierlechen, déi den Numm vum Police-Generaldirekter fir hir Zwecker mëssbrauchen.
© AFP (Archiv)

Leit, déi esou eng Mail kréien, soll net drop reagéieren a se einfach läschen, schreift d’Police. Et wier net d’Aart a Weis, wéi d’Police géif virgoen, Onéierlecher wieren hei um Wierk.

An dëser Mail, déi u Privatpersoune geriicht ass, steet dran, datt Ermëttlunge géife géint d’Persoun lafen. Fir d’Ënnerschrëft gëtt den Numm vum Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police respektiv vun auslännesche Policeautoritéite mëssbraucht.

PDF: Arnaque

Back to Top
CIM LOGO