Stad LëtzebuergMaison Médicale ass geplënnert, vun der Gare hannert den CHL an de Val Fleuri

RTL Lëtzebuerg
De Cabinet vun der Stater Maison Médicale ass op Nummer 23 am Val Fleuri ze fannen, wou d'Patienten ouni Rendez-vous sech kënnen ënnersiche loossen.

Och d'Escher Maison Médicale plënnert aus der Mayrisch-Strooss op Esch-Belval an ass vum 23. September un op 3-5 an der Avenue du Swingze fannen, an der Strooss also vun der Rockhal.

Fir d'Maisons Médicales op Belval an Ettelbréck gëllt eng nei identesch Telefonsnummer, fir en obligatoresche Rendez-vous ze huelen: 20 333 111.

Déi 3 Maisons Médicales, déi fir Visitte geduecht sinn, wann den Hausdokter net disponibel ass, sinn an der Woch op tëscht owes 20 Auer an Hallefnuecht - um Weekend dann de ganzen Dag tëscht moies 8 an Hallefnuecht.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO