
Dës Ernennung duerch de Poopst Franziskus gouf e Mëttwoch an der Mëttesstonn bekannt gemaach. De Weibëschof steet dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich a senge Chargen, wéi zum Beispill de Firmungen zur Säit, respektiv iwwerhëlt dës liturgesch Aufgaben.
Den "éveque auxiliaire" huet awer näischt mat der Leedung vun der Diözes ze dinn an ënnersteet dem Grad vun der Wei no dem Äerzbëschof.
Wéi et an der offizieller Erklärung vun der kathoulescher Kierch heescht, wier den Äerzbëschof Hollerich vill international engagéiert an am Ausland ënnerwee, esou datt hien duerfir eng Hëllef bräicht.
D'Fro ass natierlech déi, ob no dëser Ernennung vum Leo Wagener e neie Generalvikar genannt gëtt - ee Posten, deen de Leo Wagener 2015 vum Erny Gillen iwwerholl hat.