Eng nei ApprocheMam "Mathi" d'Science vun den Zuele léieren

Diana Hoffmann
Mathé op eng zäitgeméiss Manéier ënnerriichten, dobäi soll an Zukunft d'Mathi hëllefen.
© MENJE

D’Mathi ass en neit Konzept fir d’Science vun den Zuele vu Klengem u bescht méiglech ze léieren. D’Rees soll e Stéck méi ziele wéi d’Zil, erkläert den Educatiounsminister Claude Meisch. D’Kanner sollen eng eege Methode mat op de Wee kréien.

Mathé léiere mam Mathi / Reportage Diana Hoffmann

Ugefaange mat dëser neier Approche, fir Mathematik un déi Kleng ze bréngen, gëtt am Cycle 1, also bei Kanner tëscht 3 a 5 Joer. D’Enseignantë kréie vun der Rentrée dëst Joer u Classeure mat Ronn 200 Aktivitéite ronderëm Zuelen un d’Hand, sou wéi eng didaktesch Materialkëscht. Dës Materialkëscht gëtt et och awer an digitaler Form op engem Tablett.

“Fir d’éischt léieren d’Kanner d’Mathi kënnen. Dat ass eist Maskottchen. D’Mathi ass eng Léiwin, wat e bewosste Choix ass. Fir ze weisen, dass Mathé net just fir d’Jongen, mä och fir d’Meedercher wichteg ass”, erkläert de Filipe Lima vum Script, deen de Programm matentwéckelt huet. Domat wéilt een de klenge Meedercher och d’Angscht virun der Mathé huelen.

10.000 Kanner wäerte vum September u mam neie Programm ënnerriicht ginn. All zwee Joer kënnt ee Cycle dobäi. Fir d’Rentrée 2030 wäert een da beim Cycle 4 ukomm sinn.

Queesch duerch de ganze Schoulsystem hei am Land géing een zwee Constate maachen, sou de Claude Meisch. Schülerinnen a Schüler, déi Doheem net Lëtzebuergesch oder Däitsch géinge schwätzen, wieren och, wat d’Mathematik ubelaangt, benodeelegt. Ganz dacks gëtt nämlech an den éischte Joren op Däitsch ënnerriicht. “Den zweete Constat ass, dass déi Retarden, déi sech an den éischte Joren accumuléieren, nom Cycle 3 ni méi kënne richteg rattrapéiert ginn”, sou de Minister. Dëst géing hir Bildungschance verréngeren, verschidden Diere géingen domat zougoen.

Am Cycle 1 soll d’Sprooch vum Unterrecht da weiderhi Lëtzebuergesch sinn. D’Enseignantë wäerten e Glossaire kréien, wou Termen, déi gebraucht ginn, op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch ze fanne sinn. Am Cycle 2 wäert d’Material spéider dann op Däitsch a Franséisch disponibel sinn.

Back to Top
CIM LOGO