Gemeng FielsKomplementarwale si fir de 7. Juni geplangt

Claude Zeimetz
Am Fielsser Gemengerot sinn zwee Posten nei ze besetzen.
© I’m friday/Shutterstock

De 7. Juni si Komplementarwalen an der Gemeng Fiels, fir zwee Posten nei ze besetzen. Dat huet de Schäfferot en Donneschdeg offiziell matgedeelt. Déi fréier Fielsser Buergermeeschtesch Nathalie Silva huet hire Posten als Conseillère missen opginn, well se den 1. Mäerz eng Funktioun am Inneministère iwwerholl huet, deen net mat engem kommunale Mandat compatibel ass.

Donieft ass d’Liz Heintz, déi am Gemengerot souz, an eng aner Gemeng geplënnert. De Buergermeeschter an der Fiels ass de Mirko Martellini. Hien hat zwar bei de leschte Gemengewale manner Stëmmen, wéi d’Ex-Buergermeeschtesch Nathalie Silva kritt, hat awer méi Support am Gemengerot.

Am Dezember hat de Protest vun der Schäffen Ana Teresa Marques Lima géint de Budget fir eng gewëssen Onrou an der Fiels gesuergt. De Buergermeeschter hat deen Ament hir Demissioun gefrot. Bis haut ass dat awer net geschitt. D’Schäffin Ana Teresa Marques Lima hat hiren “Nee” zum Gemengebudget als Alarmzeeche bezeechent. Si war virun allem rosen, well de Budget fir de Syndikat d’initiave verworf gi war, un deem senger Spëtzt si selwer stoung. Zu engem Récktrëtt ass et bis elo awer net komm.

Elo musse sech also emol fir de Juni Kandidate fannen, déi bereet sinn an der Fielsser Kommunalpolitik eng Hand mat unzepaken.

Back to Top
CIM LOGO