
D’Chambre des salariés zitt sech aus dem Haut comité pour l’attraction, la rétention et le développement des talents zeréck. Wéi et e Freideg de Mëtteg an engem Schreiwes vun der Salariatskummer heescht, huet se Bedenke wat de sougenannten “Talent Desk” ugeet. Dee sollt nämlech an d’Chambre de Commerce kommen, also bei eng Patronatsorganisatioun. D’CSL hätt léiwer méi en neutrale Kader fir dee Guichet gehat. Si wieren och net an déi Decisioun mat agebonne ginn.
An deem Comité géing de Schwéierpunkt och ze vill op steierlech Ureizer fir nei Talenter aus dem Ausland leien, fënnt d’CSL, an net genuch op de Konditioune fir d’Frontalieren zum Beispill. D’CSL mécht sech Suergen, datt et steierlech Inegalitéiten tëscht deenen engen an deenen anere géing ginn.