Den Henri Kox huet erkläert: Et kann net nëmmen an de Stied gebaut ginn an all Gemeng misst hiren Deel bäisteieren. Dat Ganzt géing awer koherent gemaach ginn, fir schaffen a wunnen zesummenzekréien, sou de Minister.
Den Henri Kox hat an de leschten 2 Deeg digital Reunioune mat Gemengemammen- a Pappen, fir ze kucken, ob déi nei Instrumenter vum Pacte Logement gutt ukommen. D’Gesetz ass nach net gestëmmt an et gëtt op den Avis vum Staatsrot gewaart. Mee zwou Gemengen, respektiv de Réidener Kanton hu schonn eng Testphas matgemaach.
Gefaart gëtt zousätzlech Bürokratie.
„Nee, nee", sou den Henri Kox. De Pacte Logement 2.0 géing Instrumenter ginn op logistescher a finanzieller Basis. Sou gëtt e Logementsberoder fir d’Gemengen zur Verfügung gestallt an d’Gemenge kënnen op de Syndikat "Sigi", fir d’informatesch Ënnerstëtzung zeréckgräifen. Dem Henri Kox no wier et souguer eng „Entburökratiséierung".
Pacte Logement: Gemengen dobäi ënnerstëtzen, méi abordabele Wunnraum ze schafen
Comitéssëtzung: Syvicol schwätzt vu Paradigmewiessel beim Pacte Logement