Comité de pilotage Natura 2000Mamer-Äischdall-Gréngewald: Zesumme fir méi Liewensqualitéit

RTL Lëtzebuerg
Zu Käerch gouf e Mëttwoch de 5. vun am ganzen 8 sougenannte Comités de pilotage Natura 2000 aktivéiert andeems eng Charte ënnerschriwwe gouf.
Natura 2000: Neie Comité de Pilotage aktivéiert
Deemno soll dee Comité d'Biodiversitéit, den natierlechen a kulturelle Patrimoine, d'Agrikultur an den Tourismus an der Regioun ënnert een Hutt bréngen.

No ënnert anerem den alen Industriesitten am Minett, dem Éislek an dem Mëllerdall, war et e Mëttwoch um Site "Mamer-Äischdall-Gréngewald". Et ass eng konkret Mesure am Kader vum neien Naturschutzgesetz. Deemno soll dee Comité d'Biodiversitéit, den natierlechen a kulturelle Patrimoine, d'Agrikultur an den Tourismus an der Regioun ënnert een Hutt bréngen.

D’Zil vun deem neie Comité de Pilotage ass et, eng regional Plattform ze schafen, wou déi lokal a regional Acteure sech fir d’Erhale vun der Liewensqualitéit an der Biodiversitéit asetzen. Un der Spëtzt vum neie Comité ass d’Carole Sinner. Natura 2000 ass ee Reseau vu Schutzgebidder bannent der Europäescher Unioun. D'Natura-2000-Sitte maache 27 Prozent vun der gesamter Surface vum Land aus.

De Natura-2000-Site "Mamer-Äischdall-Gréngewald" ass a 5 Zonen agedeelt an huet eng Surface vu ronn 10.000 Hektar. D’Majoritéit vun der Fläch ass mat Bëscher bedeckt. Et wier wichteg, eppes fir d’Erhale vun der Biodiversitéit ze maachen, esou déi zoustänneg Ministesch. Ënnert anerem, well d’Zuele vun de Biotopen an den Insekten an de leschten Joren erofgaange sinn. Donieft wëll een d’Baachen a Grotten an Zukunft nach besser protegéieren, grad ewéi d’Leit nach besser sensibiliséieren.

Mat deem Comité de Pilotage wëll ee Synergien tëscht deene verschiddenen Acteure schafen. Fir déi verschidden Natura-2000-Sitte ginn et Gestiounspläng, dat heescht Virschléi, déi een zesumme mat de Leit aus der Regioun wëll ëmsetzen.

D’Charte gouf dann och vun den Acteuren am Härebësch an der Géigend vu Käerch ënnerschriwwen. D’Natura-2000-Sitte gi mat Fonge vum Ëmweltministère ënnerstëtzt. D’Mesuren, déi an de Regiounen ëmgesat ginn, gi besonnesch vun den zoustännege Comitéen decidéiert.

Offiziellt Schreiwes

Signature de la charte de collaboration du Comité de pilotage Natura 2000 «Mamer-Äischdall-Gréngewald» (03.07.2019)
Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durableLa ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable, Carole Dieschbourg, a procédé le mercredi 3 juillet 2019 à la signature de la charte de collaboration du Comité de pilotage Natura 2000 «Mamer-Äischdall-Gréngewald» sur le site exceptionnel du Härebësch à Koerich.

Ce COPIL devient ainsi le cinquième à être mis en place après ceux des «Anciens sites miniers», «Éislek», «Atert-Warkdall» et «Mëllerdall». Il sera présidé par Carole Sinner, ingénieur forestier au sein de la direction de l'Administration de la nature et des forêts.

PDF: Méi en detailléierte Communiqué

Back to Top
CIM LOGO