
Viru 50 Joer koumen déi éischt “Mammekéi” an d’Land, dat si Kéi, déi net fir Mëllech, mee fir Fleesch geziicht ginn. Si gi “Mammekéi” genannt, well se d’Kallef net ewéi d’Mëllechkéi ewechgeholl kréien, mee d’Kaalwer bleiwe mat hinnen op der Weed. Mir schwätzen hei vu qualitativ héichwäertegem Lëtzebuerger Fleesch, vun enger Produktioun, déi sech awer nëmmen da rentéiert, wann d’Vermaartung hannendrun klappt.
De Marc Wagner ass e Limousinsziichter an och deenen hire President. D’Limousine gehéieren zënter 50 Joer zu eiser Landwirtschaft, hei geet et net ëm Mëllech, mee ëm Fleesch, ëm däers, dat ënnert engem Label soll vermaart ginn. Dat hei si wuelverstane Mammen-, a keng Mëllechkéi.
D’Demande vun de grousse Verdeeler no engem Limousinsfilet ass do. Ziichter, Metzler an déi, déi d’Fleesch un d’Geschäfter weider verkafen, mussen zesummeschaffen, am Sënn vun enger optimaler, regionaler a nationaler Vermaartung, dorobber baut all Betrib, beim Marc Wagner ass d’Vente um Haff e ganz klengen Deel vun hirem Ëmsaz. De Leit erklären, dass och vun hei an net nëmmen aus Argentinien gutt Fleesch kënnt, ass extrem wichteg.
Well se manner intensiv gehalen a gefiddert géife wéi eng Mëllechkou, schuede se a priori och manner der Ëmwelt. Dat neit Agrargesetz gesäit eng Mammekou-Primm vir an eng Primm fir d’Limousinen op der Weed zum Beispill. Si si also méi öko? Mir mussen, fir unzefänken, emol erlaabt kréien, Wiederkäuer op eise Wisen ze halen, heescht et vun de Baueren.