Um Black FridayManifestatioun géint Amazon um Kierchbierg

Tim Morizet
Black Friday, Cyber Monday: et sinn Traditiounen, déi aus den USA lues awer sécher an Europa an och zu Lëtzebuerg ukomm sinn.
Manifestatioun géint Amazon um Kierchbierg
Black Friday, Cyber Monday: et sinn Traditiounen, déi aus den USA lues awer sécher an Europa an och zu Lëtzebuerg ukomm sinn.

Ee vun de grousse Supporter vum verlängerte Shopping-Weekend ass déi amerikanesch Boîte Amazon.

An enger Protest-Aktioun géint Black Friday an den Online-Shopping-Gigant hate sech de Freideg de Mëtten um Kierchbierg virum Sëtz vun Amazon eng 30 Leit getraff, fir géint déi schlecht Aarbechtskonditiounen, den Impakt op d'Ëmwelt an d'Steierflucht vum Betrib ze protestéieren.

De Brice Montagne vun der Organisatioun Diem 25

E Protest géint de sougenannte "Konsumwan", et misst een ëmdenken, esou de Message e Freideg an nees méi op Lokal vertrauen. Amazon reagéiert iwwerdeems rosen op d'Protest-Aktioun. Et wie een e Virreider an der Lutte géint de Klimawandel, andeems ee bis 2040 CO2-neutral géif schaffen. Et hätt een déi lescht Joren och weltwäit Milliarden u Steiere bezuelt.

Statement vun Amazon

«Il s’agit d’une série d’affirmations trompeuses provenant de groupes mal informés ou poursuivant leurs intérêts personnels et qui utilisent le nom d’Amazon pour promouvoir leurs propres causes. Amazon a une solide expérience en matière de soutien à nos employés, nos clients et nos communautés, notamment en fournissant des conditions de travail sûres, des salaires compétitifs et des avantages sociaux importants, en s’engageant à lutter contre le changement climatique grâce au Climate Pledge qui vise l’objectif  « zéro carbone » d'ici 2040 ainsi qu’en payant des milliards d'euros d'impôts dans le monde. "

Back to Top
CIM LOGO