
En Dënschdeg goufen der Police e puer Bedruchsfäll gemellt, bei deenen d'Täter eng gängeg Masch am Zesummenhang mat falsche Luxtrust-Linken benotzt hunn.
Dobäi goufen d'Affer vun enger onbekannter Nummer kontaktéiert an et gouf behaapt, et hätt ee mat der Bankkaart vum Affer eng méi grouss Zomm Suen ofgehuewen, wieren also Affer vun engem Cyber-Ugrëff ginn, oder et géife Problemer mat hirem Kont ginn.
Dofir misste si elo hir Login-Daten iwwerpréiwen. Fir dat ze maachen, goufe si iwwert e Link an enger SMS op eng falsch Luxtrust-Säit gelackelt, fir do hir Luxtrust-Daten anzeginn.
D'Police erënnert an dësem Zesummenhang dorun, datt esou Opfuerderungen net der Prozedur vu Verwaltungen oder Banken entspriechen. Dës wäerten nämlech ni iwwer Mail, SMS oder Telefon froen, fir Donnéeë vu Kaarten oder Zougangsdaten erauszeginn.
D'Police ënnersträicht, dass wann ee sech net sécher ass, ob et sech effektiv ëm e Bedruchsversuch handelt, ee sech net ënner Drock setze soll an déi betraffe Gesellschaft oder Bank iwwer den offiziellen Kontaktwee soll kontaktéieren.
Virun allem eeler Leit sollen heiriwwer informéiert an opgekläert ginn. Sollt een Affer vu sou enger Masch ginn, soll een sech direkt bei der Police mellen.