Bau-SecteurManktem un Deponië fir Bauschutt kascht Zäit a Geld

Jeannot Ries
Et gëtt kaum en Eck am Land, wou net gerappt a geklappt gëtt.
Manktem un Deponië fir Bauschutt kascht Zäit a Geld
Et gëtt kaum en Eck am Land, wou net gerappt a geklappt gëtt.

Hiren Image ass net gutt. Kee wëll se virun senger Dier. D'Bauschutt-Deponien. Ma wouhin mat den 7,5 Milliounen Tonne Buedem a Gestengs, déi all Joer op Lëtzebuerger Schantercher ausgebaggert ginn? "Wa vu Bauschutt geschwat gëtt, D'Leit, déi soen dann, dat wëlle mer net bei eis virun der Dier hunn. Wa mer schwätzen vu Bauschutt, dat ass jo elo keen Dréck, dat ass Buedem", sou d'Viviane Pundel, Gerante vun der Entreprise Bonaria et Fils

An den Dany Sebastiani vun Bonaria et Fils weider: "Well de Bauschutt, alles, wat ee ka recycléieren, dat recycléiere mer och. Respektiv mir loossen et recycléieren. Fir eeben sou mann wéi méiglech op eng Decharge ze bréngen." 

Déi Deponie am Land, op där den Ament am meeschte getippt gëtt, ass Colmer-Bierg. D'Streck dohin kennt de Camions-Chauffeur David Marques auswenneg. Haut waren et nëmme 60 Kilometer hin an hier vun Ueweraanwen op Colmer-Bierg. An der Moyenne bis zu annerhallef Stonn fir ee Camion Buedem, mam Tippen. Et kënnt net seelen vir, datt d'Camionen aus dem Süde vum Land, bis op Colmer-Bierg fuere mussen. Transport-Tourismus, sou den Ausdrock am Secteur.

"De Problem ass, datt et ëmmer manner Dechargë ginn. Monnerech ass zum Beispill scho jorelaang zou. Aner Dechargë wéi Suessem si quasi voll. Dann ass de Problem, datt et do am Tonnage limitéiert ass. Do muss een eng Demande maachen, fir dierfen Tippen ze goen. Dat mécht et sécherlech net méi einfach" sou d'Viviane Pundel.

Ronn 7,5 Milliounen Tonnen d'Joer. Do wuesse Bierger. Wann näischt méi geet, da fueren 20-Tonner an d'Ausland, bei Metz. Dat kascht Zäit a Geld. An um Enn ass et de Client, deen d'Rechnung gezillt. An Zäiten, wou d'Logements-Präisser schonn explodéieren. Guer net vun der Belaaschtung vum Trafic ze schwätzen. oder den CO2-Emissiounen.

Back to Top
CIM LOGO