
Wéi de Mann de Policewon erbléckst huet, huet dësen ugefaangen, d’Beamen, déi kucke wollten, ob alles ok wier, ze vernennen. Dat nach ier d’Polizisten aus hirem Gefier geklomme waren. Hie gouf e puer Mol opgefuerdert, sech einfach Heem ze maachen, ma ouni Succès. De “Panzvollist hätt sech net berouegt”, sou d’Police an hirem Bericht.
Pech fir de Mann, hie gouf doropshi kontrolléiert. Hien huet allerdéngs riicht weidergemaach mat sengem Behuelen an huet d’Beamte beleidegt. A well hie sech därmoossen de Batti gestallt huet an eng Gefor fir sech a fir Drëtter duergestallt huet, gouf decidéiert, hien an d’Ausniichterungszell ze bréngen.
Dogéint huet de Mann sech natierlech op d’Heftegst gewiert, huet op d’Poliziste gespaut, mat Féiss gerannt a weiderhin d’Beamten ugejaut a beleidegt. Och dat ouni Succès. Hie koum um Enn awer an d’Zell, fir do säi Rausch auszeschlofen.
Op Uerder vum Parquet krut den Onbeléierbaren e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung a Menacen.