
D'Situatioun ass ausgeaart an de Mann huet deen neie Frënd vu senger Ex-Partnerin mat engem Messer attackéiert an him an d'Bee gestach. Den Täter ass duerno vun der Plaz geflücht a konnt och no enger intensiver Sichaktioun net direkt festgeholl ginn.
D'Affer gouf mat Stéchverletzungen an d'Spidol bruecht. Et bestoung keng Liewensgefor.
Duerch d'Ermëttlunge konnt d'Identitéit vum méiglechen Täter gekläert ginn an e Freideg de Moien gouf dësen dunn a senger Wunneng festgeholl. De Mann huet sech nach um Freideg misse virum Untersuchungsriichter veräntwerten.