DiddelengMann bei Accident mat Scooter schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend hat e Mann an der Rue Lentz d'Kontroll iwwert säin E-Scooter verluer.

Hien ass doropshi gefall a gouf beim Accident schwéier blesséiert. Hie gouf op der Plaz versuergt a koum fir déi weider Behandlung an d’Spidol.

Bei enger Kontroll vum Gefier huet sech erausgestallt, dass den E-Scooter weder ugemellt nach verséchert war. D’Beamte vun der Police hunn e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO