Esch-UelzechtMann bei Ugrëff mat engem hëlzene Potto schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 21 Auer gouf e Mann vun enger Grupp vu Leit op der Gemengeplaz ugegraff a schwéier blesséiert. Den Täter gouf festgeholl.
© RTL (Archiv)

Der Police no gouf de Mann e puer Mol mat engem hëlzene Potto geschloen. Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, sinn e puer Persoune fortgelaf.

An der Rue de Commerce konnt de presuméierten Täter vun der Police gestoppt ginn. De Mann war staark alkoholiséiert. Hie koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter.

D'Affer ass opgrond vu senge schwéiere Blessuren an d‘Spidol komm.

Back to Top
CIM LOGO